
Obwuel et keen Aveu gëtt an et keen Aenzeie gouf, géif et awer keen Zweiwel doru ginn, dass den Ex-Frënd responsabel war fir den Doud vum Ana Lopes. Zu där Konklusioun koum d’Vertriederin vum Parquet en Donneschdeg am Nomëtteg um Stater Geriicht am Prozess ëm de Mord un där deemools 25 Joer jonker Fra am Januar 2017.
Wéinst dëser Dot mat Virsaz, déi akribesch geplangt gi wär iwwer eng laang Zäit, sollt de Mann zu liewenslänglechem Prisong verurteelt ginn.
Den Auteur vun der Dot hätt d’Affer forcement kannt, hat d’Parquetière hire Requisitoire ugefaangen. D’Ana wär deemno net zur falscher Zäit op der falscher Plaz gewiescht. Villméi hätt den Auteur ënner anerem gewosst, wou d’Affer wunne géif an en hätt och der Fra hir Gewunnechte kannt. Et wär nach ëmmer onkloer, wéi d’Ana agresséiert gouf: Keen hätt déi jonk Fra héiere jäizen, soudass si wuel iwwerrascht gi wär. Hir Läich wär dono an hiren Auto geluecht a fortbruecht ginn, op eng Plaz, déi erausgesicht war, an de Won do verbrannt ginn. D’Ana sollt verschwannen. Keen ausser dem Beschëllegten hätt e Konflikt mam Affer gehat. An der Koppel wär et dacks zu Sträit an och zu physeschen Iwwergrëffer komm, mam Resultat, dass d’Ana Angscht hat virum Mann. Deen hätt och e puer Mol gesot, hie géif déi jonk Fra ëmbréngen a Méint virdrun hätt hien d’Virgoensweis ewell ugekënnegt. Dem Mann seng Famill hätt och gesot, d’Ana wär an en Drogentrafic verwéckelt, woufir et awer kee Beweis ginn hätt. D’Famill hätt dat gemaach, fir d’Enquête an eng falsch Richtung ze drécken.
Wat d’Beweiser géint de Mann ugeet, wär der Vertriederin vum Parquet no säin Alibi net credibel, sou dass d’Famill sech acharnéiert hätt, fir him een ze ginn. Den Ugeklote wär och virun der Dot genee dee selwechten Trajet gefuer ,wéi de Mäerder 6 Stonnen dono. Eng valabel Explikatioun dofir hätt hien net kënne ginn. A wat d’Pechband mat den DNA-Spueren drop betrëfft, dat net wäit vum verbrannten Auto ewech fonnt gouf, hätt de Mann dat wuel selwer manipuléiert, zum Zäitpunkt vun der Dot.
No der Sëtzung huet d’Me Roberto, Affekotin vu 4 Parties civillen, vun engem gerechten a sobere Requisitoire vun der Parquetière geschwat.
„Mir hunn eis erwaart, dass de Parquet d’Verurteelung vun eisem Client froe géif“, war d’Reaktioun vum Me Philippe Penning op d’Fuerderung vun der Vertriederin vum Parquet. Déi wär an hirer Logik bliwwen, fir bei Virsaz d’Héchststrof ze froen.
Fir ee vun den zwee Affekote vum Ugeklote fousst de Wee dohin awer op ze vill Hypotheesen. Et géif sech op ganz dënnem Äis beweegt ginn, virun allem wat d’DNA-Spueren ugeet. Fir de Me Philippe Penning ass et nach ëmmer besser, e Schëllege leeft fräi ronderëm, wéi dass en Onschëllegen am Prisong sëtzt.
Um Enn vun der Sëtzung sot de Beschëllegten nach, hie wär onschëlleg, géif dat säi Liewe laang bleiwen an dofir seng Fräiheet froen.
D’Urteel gëtt den 12. Januar gesprach.