D'Situatioun wier nach ëmmer kritesch an d'Zuele wieren nach ëmmer héich, och wann een eng liicht Besserung géif gesinn, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert zur aktueller Situatioun ëm de Coronavirus hei am Land.
D'lescht Woch goufe ronn 9.100 manner Corona-Tester bei Residentë gemaach wéi déi Woch virdrun: Nämlech 67.839 Tester. Dovunner ware 4.127 Leit positiv, wat der 659 op 100.000 Awunner sinn an enger Woch. An der Woch vum 26. Oktober louch den Inzidenzwäert bei iwwer 750 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner bannent 7 Deeg. Als Rappell: De Referenzwäert vum RKI zum Beispill läit bei 50.
Bei der Altersmoyenne vun de positiv geteste Leit huet sech net vill verännert. Mat Bléck op déi leschte 7 Deeg läit den Altersduerchschnëtt bei 41,1 Joer. Nach ëmmer stieche sech vill Leit tëscht 20 an 49 Joer un. Besonnesch staark betraff war d'lescht Woch d'Alterskategorie tëscht 50 an 59 Joer. Hei goufe 693 Neiinfektioune registréiert.
Wéinst de villen Neiinfektiounen ass d'Zuel vun den Hospitalisatiounen den Ament nach ëmmer héich (175 Patienten), virun allem op den Intensivstatiounen. Mat Bléck op déi Woch virdrun gouf awer eng Baisse notéiert, do waren et nämlech 206 Patienten.
D'Zuel vun den aktiven Infektioune läit bei 9.118, par Rapport zu 8.223 déi Woch virdrun. D'Zuel vu Leit, déi nees gesond sinn, ass vun 10.717 op 13.913 eropgaangen.
Lescht Woch si 35 weider Persounen u Covid-19 gestuerwen. Déi Woch virdrun waren et der nach 14. Deemno eng Hausse vu méi wéi 100 Prozent. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer läit dogéint weider bei 84 Joer.
De Reproduktiounstaux ass vun 1,20 op 0,82 erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester ass eropgaangen an dat vu 6,08% op 6,10%.
Leit, déi a Quarantän sinn oder waren
D'Zuel vu Kontakter louch tëscht dem 2. an dem 8. November bei 12.582. 8.695 Persounen dovunner waren an Isolatioun (+39%) an 8.836 Leit a Quarantän (-18%).
Kläranlagen
Fir d'Situatioun nach besser am Bléck ze behalen, hätt een dann och méi Prouwen an de Kläranlage geholl. D'Resultat wier awer gréisstendeels dat selwecht, wéi nach déi Woch virdrun. De Virus wier iwwerall am Land present an dat och net ze knapp. Allgemeng géif et awer eng ganz liicht Tendenz no ënne ginn. Dës Tendenz misst awer nach an deenen nächste Woche confirméiert ginn.
Paulette Lenert: Leit zu Lëtzebuerg solle sech drop astellen, Chrëschtdag dëst Joer anescht ze feieren
Ma et wier nach net Zäit, fir sech z'entspanen. Et hätt een zwar eng Rei Indicateuren, déi géife weisen, dass d'Mesurë vun der Regierung gräifen, ma grad och an de Spideeler wier déi aktuell Situatioun nach ëmmer ganz ugespaant. Gläichzäiteg freet ee sech awer doriwwer, dass d'Zuele sech elo mol stabiliséiert hunn. Dat wier den éischte Schrëtt an d'Richtung vun enger Besserung, esou d'Paulette Lenert.
Deemno wier et och ze fréi, fir schonn en Ausbléck op d'Enn vum Joer ze ginn, esou d'Ministesch am RTL-Interview. D'Zil wier et elo genau ze kucken, wéi déi aktuell Mesurë gräifen. D'Situatioun wier nach ëmmer immens ugespaant, et wier een ëmmerhin am Epizentrum vun der Pandemie an Europa. Dowéinst sollt een dann och keng falsch Hoffnungen hunn. Och wa ganz séier e Vaccin kéim, géif deen d'Chrëschtdeeg net retten, esou d'Paulette Lenert. Et sollt ee sech deemno dorobber astellen, d'Feierdeeg dëst Joer anescht ze verbréngen, wéi soss déi Joren.
Ob déi aktuell Restriktioune musse verschäerft ginn, géif iwwerdeems e Freideg nach eng Kéier evaluéiert ginn. Et géif een d'Situatioun all Dag analyséieren. Och wann d'Situatioun sech schéngt stabiliséiert ze hunn, wier et awer nach ze fréi, fir en Trend ze confirméieren.
COVID-19: Rétrospective de la semaine du 2 au 8 novembre (11.11.2020)
Communiqué par: ministère de la Santé / Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)
Pour la semaine du 2 au 8 novembre, le nombre de personnes testées positif à la COVID-19 était en légère diminution avec 4.127 cas, par rapport à 4.700 cas pour la semaine précédente. Le nombre de contacts identifiés a été stable pour se situer à 12.582. La moyenne d'âge des personnes diagnostiquées COVID-19 positif est également stable avec 41,4 ans, contre 41,2 ans précédemment.
Le nombre de tests PCR effectués s'élève à 67.839 contre 76.997 pour la semaine précédente.
En date du 8 novembre, le nombre d'infections actives s'élevait à 9.118 (par rapport à 8.223 au 01.11) et le nombre de personnes guéries est passé de 10.717 à 13.913. 35 nouveaux décès, contre 14 la semaine antérieure, en lien avec la COVID-19 sont à déplorer. La moyenne d'âge des personnes décédées est de 84 ans.
Le niveau élevé du nombre de personnes nouvellement positives a été accompagné d'une augmentation des patients dans les hôpitaux, surtout en soins normaux, mais également en soins intensifs. Au niveau des admissions hospitalières, on observe un nombre inférieur (175) à celui de la semaine précédente (206) et un nombre supérieur au niveau des sorties (122 contre 96).
Le taux de reproduction effectif (RT eff) a diminué de 1,20 à 0,82 et le taux de positivité sur les tests effectués s'élève à 6,08% contre 6,10% la semaine précédente (moyenne sur la semaine).
Le taux d'incidence est de 659 cas pour 100.000 habitants sur 7 jours, respectivement de 1.413 cas pour 100.000 habitants sur 14 jours. À noter que pour la semaine du 26 octobre, le taux d'incidence s'élevait à 750 cas pour 100.000 habitants sur 7 jours. Il a diminué dans toutes les tranches d'âge, sauf chez les 0-14 ans. La tranche des 45-49 ans ressort comme étant la plus touchée, suivie par les tranches d'âge de de 75+, ainsi que des 15-29 ans. L'incidence chez les jeunes de 0-14 ans continue à augmenter, mais reste toujours moins élevée que chez les adultes.
Quarantaines et isolements:
Pour la semaine du 2 au 8 novembre, 8.695 personnes se trouvaient en isolement (+39% par rapport à la semaine précédente) et 8.836 en quarantaine (-18% par rapport à la semaine précédente).
Contaminations:
Le taux des contaminations dont la source n'est pas clairement attribuable reste élevé. Au vu du nombre élevé de nouvelles infections, l'identification des sources n'est actuellement pas possible pour tous les cas.
Surveillance des eaux usées au Luxembourg dans le cadre du SARS-CoV-2:
Au cours de la semaine du 2 au 8 novembre, l'effort d'échantillonnage des eaux usées a été considérablement augmenté afin de disposer d'une image plus fine de l'évolution de la situation. Ainsi, trois journées d'échantillonnage distinctes, le lundi, le mercredi et le vendredi, ont été analysées au cours de cette semaine, avec respectivement huit, onze et neuf échantillons d'eaux usées. La plupart des stations d'épuration ont donc été analysées deux ou trois fois.
Le dernier rapport CORONASTEP établi par le LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) montre qu'au cours de la semaine du 2 au 8 novembre, les flux d'ARN du SARS-CoV-2 dans les eaux usées étaient très comparables à ceux observés au cours de la semaine précédente. Le niveau de contamination par le SARS-CoV-2 demeure dans les treize stations d'épuration analysées à des valeurs très élevées de flux, ce qui indique une forte prévalence du virus dans les eaux usées. Cependant, toutes les données recueillies cette semaine semblent indiquer une légère tendance à la baisse, bien qu'elle reste très faible. Cette tendance devra être confirmée dans les jours ou les semaines à venir. L'ensemble des rapports CORONASTEP sont disponibles sur le site du LIST: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.