Kënschtlech LuuchtLiichtverschmotzung - e Problem och hei zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Wann déi kënschtlech Luucht en negativen Afloss op Mënsch an Déier huet, da schwätzt ee vu Liichtverschmotzung. Wéi betraff si mer am Grand-Duché dervun?
Liichtverschmotzung - e Problem och hei zu Lëtzebuerg?
Wann déi kënschtlech Luucht en negativen Afloss op Mënsch an Déier huet, da schwätzt ee vu Liichtverschmotzung. Wéi betraff si mer am Grand-Duché dervun?

D’Luucht vermëttelt e Gefill vu Sécherheet, se hëlleft, sech am Donkelen z’orientéieren a se kann och, besonnesch ronderëm d’Chrëschtdeeg, fir eng ganz besonnesch Ambiance suergen. Ma déi kënschtlech Luucht huet net nëmme Virdeeler. Virun allem dann, wa se net sënnvoll genotzt gëtt. Heescht, wa se net korrekt ausgeriicht ass, ze vill verblent an eigentlech net wierklech sënnvoll genotzt ass. Dee Moment schwätzt een da vu Liichtverschmotzung.

Eng Problematik, déi an de leschten 20 Joer weltwäit däitlech zougeholl huet a vun där och Lëtzebuerg net verschount bleift. Däischter Géigenden, wou een de Stärenhimmel ongestéiert bewonnere kann, fënnt ee kaum méi. Rezenten Etüden no si souguer 83% vun der weltwäiter Populatioun vun der Liichtverschmotzung betraff – 1/3 vun de Mënsche gesäit mam bloussen A d’Mëllechstrooss net méi.

Ma doriwwer eraus ka Liichtverschmotzung awer och en negativen Afloss op Mënschen an Déieren hunn. Schlofstéierunge maachen sech bemierkbar, wann ze vill kënschtlech Luucht agesat gëtt an de Dag/Nuecht -Rhythmus vum Mënsch gestéiert gëtt. Staark menacéiert duerch d’Liichtverschmotzung sinn awer och déi nuetsaktiv Déieren, virun allem Insekten. Fir si ass et beispillsweis – direkt no de Pestiziden - déi 2. heefegst Doudesursaach.

Fir Liichtverschmotzung sinn och net just beispillsweis Stroossebeliichtunge responsabel, ma och Geschäfter an och privat Leit. An anere Wierder: Jidderee vun eis dréit dozou bäi, a jidderee vun eis kann och dofir suergen, datt de Problem net méi grad esou akut ass. Dat gouf och vum Ministère de l’Environnement schonn 2018 erkannt a si hunn dofir e sougenannten “Leitfaden” ausgeschafft, mat einfachen Tipps an Tricks, wéi ee Liichtverschmotzung reduzéiere kann, am Interêt vu Mënsch an Déier.

Back to Top
CIM LOGO