Fir d'éischte Kéier DeputéiertenLiz Braz, Joëlle Welfring a Gerard Schockmel am Interview

Marc Hoscheid
Een Dag no de Chamberwalen hu mir mat dräi Kandidaten diskutéiert, déi fir d'éischte Kéier an d'Parlament agezu sinn.
Liz Braz, Joëlle Welfring a Gerard Schockmel am Interview
Een Dag no de Chamberwalen hu mir mat dräi Kandidaten diskutéiert, déi fir d’éischte Kéier an d’Parlament agezu sinn.

Mam Liz Braz vun der LSAP, dem Joëlle Welfring vun deene Gréngen an dem Gerard Schockmel vun der DP waren dräi Gewielten am Studio, déi eng ganz ënnerschiddlech Vergaangenheet a ganz verschidden Ziler fir d’Zukunft hunn.

Nei Deputéiert: Liz Braz, Joëlle Welfring a Gerard Schockmel am Interview

Mat hire 27 Joer ass d’Liz Braz déi jéngste vun deene 60 Gewielten. D’Politikerin aus dem Süde vum Land dierft wuel an der Oppositioun an hir Karriär als Deputéiert starten. Dat kéint awer och eng gutt Schoul sinn, well ee léiere géing ze schaffen an hannert de Kulisse matzewierken. Si wéilt sech virun allem ëm Dossiere bekëmmeren, déi déi nächst Generatioune betreffe wäerten.

“Dat ass ganz kloer de Logement am Moment, dat affektéiert jiddereen. Dat ass d’Digitalisatioun, wat och ee ganz omnipresente Sujet ass, mir si voll an där Transitioun dran, Lëtzebuerg ass net preparéiert, mir hu keng kloer Strategie, fir mat där kënschtlecher Intelligenz ëmzegoen an do musse mer lo ganz séier handelen an da selbstverständlech d’Klima.”

D’Klima ass och een Thema, dat der Joëlle Welfring ganz wichteg ass. Déi fréier Direktesch vun der Ëmweltverwaltung hat am Mee 2022 d’Successioun vum Carole Dieschbourg als Ëmweltministesch ugetrueden. Si ass eng vun nach just 4 gréngen Deputéierten a gesäit d’Ierwe vun hirer Partei a Gefor.

“Wann ee sou héiert, wat verschidde Parteie soen a wat och an de Programmer steet a wat och am Walkampf vu Message komm ass, kann ee sech scho Suerge maachen an déi maachen ech mer definitiv och fir d’Zukunft, wat de Klimaschutz an och den Aarteschutz ugeet. Dat sinn zwou Krisen, déi wierklech eescht ze huele sinn an déi wäerte sech net vum selwe léisen.”

Och den Infektiolog Gerard Schockmel ass ee vun den neien Deputéierten. Ma ob hie säi Mandat iwwerhaapt unhuele wäert, ass net kloer, well am Fall vun enger Koalitioun aus CSV an DP kéint de Medezinner no engem anere Poste striewen.

“Et ass einfach esou, datt vill Leit, och Leit, déi mech gewielt hunn, sech wënschen, datt ech Gesondheetsminister wier. An ech hätt natierlech Freed drun, esou eng verantwortungsvoll Aufgab an Demut a mat Fläiss unzegoen, dat ass ganz kloer. Ech hat virdru gesot, ech hu gewësse Virstellungen, wéi d’Organisatioun vun engem Gesondheetssystem ausgesäit och duerch meng Erfarung am Ausland.”

Ob de Gerard Schockmel déi Virstellungen als Gesondheetsminister wäert ëmsetze kënnen, wäerten d’Negociatiounen an deenen nächste Woche weisen.

Back to Top
CIM LOGO