Déi geplangte Steierreform dierft eent vun de politeschen Theemen déi nächst Méint ginn. Ënnerstëtzt d'LSAP weider déi Reform oder u wat stéiert se sech? Dat froe mir d'LSAP-Deputéiert Liz Braz.
Am Juni ware Rumeuren opkomm, si wär villäicht net méi ganz zefridden an hirer Partei a kéint bei d'CSV wiesselen. Wat war do lass? A plënnert si vun Esch an d'Stad - wéi an der Press ze liese war - a geet si dann am Zentrum mat an d'Chamberwalen?
Um 8 Auer ass d'Liz Braz live eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.