
D’Logementspräisser sinn an de leschte sechs Méint zu Lëtzebuerg manner staark geklomme wéi virdrun. Wéi atHome e Mëttwoch matdeelt, “géif keng Regioun vum Ralentissement verschount” bleiwen. Am leschten Hallefjoer gouf am Zentrum, Norden an Osten eng Progressioun vun ëm déi 2,5% notéiert. Am Verglach: am Norde waren d’Präisser virdrun nach ëm ganzer 13,8% an d’Luucht gaangen.
Am Osten ëm 10,8%. Am Süde sinn d’Präisser nach ëm 4,7% geklommen an am Westen ëm 3,9%. D’Zeeche weisen also weider no uewen, mä déi iwwerdriwwen Präishausse vun zejoert sinn deemno an der Lescht ausbliwwen. Den Immobiliëmarché wier den Experten no besonnesch wéinst der Hausse vun den Zënstauxen an dem Krich an der Ukrain ënner Drock.
Neibaute wiere souzesoen dat éischt Affer vum Krich an der Ukrain. D’Präisser wieren ëm 15 bis 20% eropgaangen, well d’Käschte fir Stol, Bëtong a Plättercher explodéieren. Well den Accès op de Marché ëmmer méi schwiereg gëtt, wieren déi meescht Leit, déi nach kafen, Investisseuren. Privatleit géifen den Ament deels éischter ofwaarden.
Zanter dem leschte Mount läit den Taux fixe fir en Immobiliëprêt bei 2,8%. Sou héich wéi zanter 5 Joer net méi. Agenten, Promoteuren a Chercheuren, déi bei AtHome zu Wuert kommen, ginn dovunner aus, datt sech d’Immobiliëpräisser bei enger Hausse vun 3 bis 5% d’Joer apendelen. Deen Ament kéint ee vun enger “méi natierlecher Croissance” schwätzen.