Méi Rekrutementer gebrauchLogementspräisser beaflossen d'Personalzuele vum CGDIS

Anne Wolff
Am Kader vum CGDIS-Summertour huet d'Inneministesch Taina Bofferding op déi verschidde Sitte vun de Pompjeeën agelueden, fir sech hir Aarbecht unzekucken.
D'Aarbecht vun de Pompjeeën um "CGDIS-Summertour" entdecken
E Pompjee muss nom Alarm no 10 Minutten ausrécken, mä duerch déi héich Logementspräisser plënneren d’Leit fort, an da kéinte se net mat Zäit op der Plaz sinn.

9 mol am Dag réckt de CGDIS vu Mamer an der Moyenne eraus, am Noutfall sollen d’Gefierer theoretesch op der Plaz sinn, egal ob Pompjeeswon oder Ambulanz. Dat ass mol d’politescht Zil fir 2025. Nach ass dat awer net iwwerall de Fall, et misst weider investéiert ginn, erkläert d’Inneministesch Taina Bofferding. De Budget géing sech am Moment op 150 Milliounen d’Joer belafen a géing progressiv gehéicht ginn.
Um Terrain ginn et awer och praktesch Contrainten, déi et heiansdo onméiglech maachen, fir an enger Véierel Stonn op der Plaz ze sinn. De Patrick Frank, Zenterchef vu Mamer: “Mir halen natierlech eis Delaien an a fueren och mat der Ambulanz an deene virgesinnen zwou Minutten eraus, mee deemno wéi wäit et ass, klappt dat net ëmmer. An da kann et och sinn, dass alleguerten d‘Ambulanze besat sinn, dann dauert et och emol méi laang.”

Zu Mamer si 16 Beruffspompjeeë mat gutt 65 Fräiwëllegen zesummen. All fräiwëllege Pompjee muss op d’mannst 100 Stonne Gard am Joer maachen, plus Formatioun. Déi wier zanter dem Aféiere vum CGDIS 2018 un d’Formatioun vum Beruffspompjee ugepasst ginn. No ongeféier 6 Méint geet e fräiwëllege Pompjee da mat an den Asaz.

D’Zesummenaarbecht tëscht Professionellen a Fräiwëllege leeft hei gutt, ma et feelt u Personal, erzielt den Zenterchef. E Pompjee muss nom Alarm no 10 Minutten ausrécken, mä duerch déi héich Logementspräisser géifen d’Leit fortplënneren, an da kéinte se net mat Zäit op der Plaz sinn.

All Joer brauch een awer méi Personal, hei zu Mamer hätt en d’Asätz zanter dem Zesummeleeë vun de Rettungsdéngschter méi wéi verduebelt. Den nationale Plang fir d’Organisatioun vun de Rettungsdéngschter (PNOS) gesäit dofir vir, bis 2025 eng 300 Leit ze rekrutéieren. 80 % vum Personal si Fräiwëlleger.

Back to Top
CIM LOGO