
Obwuel d’Zënsen op den Immobiliëprêten déi lescht Zäit an d’Luucht gaange sinn an den Immobiliëmarché ënner Drock gesat hunn, ginn déi annoncéiert Präisser vun de Wunnenge weider an d’Luucht. atHome notéiert en Donneschdeg a senger leschter Publikatioun eng Hausse vun 2,4% am drëtten Trimester. De Logementsmarché géif der méi schlechter wirtschaftlecher Situatioun widderstoen.
D’Haiser sinn, ob nei oder al, duerch d’Bänk méi deier ginn. An der Moyenne ëm eppes méi wéi 4%. Bei den Appartementer gesäit et méi nuancéiert aus. Hei gouf et eng Präishausse vu bal 6% bei den alen Appartementer. Bei den Neie sinn d’Präisser um Verkafsportal ëm 1% zréckgaangen.