
Zanter 2018 sinn d’Präisser all Joers ëm 15% an d’Luucht gaangen. Exzeptionell am europäesche Verglach. Dat war ee vun de Constate no der Logementskommissioun e Méindeg an der Chamber, an där de Logementsminister, mee och d’Finanzministesch op d’Demande vun der CSV d’Evolutioun vum Immobiliëmarché presentéiert huet. D’Penurie u Materialien duerch d’Pandemie huet do net gehollef. Et hätt een awer och kloer nach ëmmer net genuch Logementer, huet d’Presidentin vun der Logementskommissioun Semiray Ahmedova zouginn: Mir bräichten der Minimum 6000 d’Joer an hunn der de Moment 4000. 2000 Wunnenge feelen also all Joer. Soulaang mer déi Differenz net opfëllen, wäerten d’Präisser eropgedriwwe ginn, mä dat ass awer och d’Zil, datt méi a méi offensiv gebaut gëtt.
Mat der Pandemie an och dem Ukrain-Krich wieren d’Präisser duerch de Plaffong gaangen, betount den CSV-Deputéierte Marc Lies: Mir hunn eng Inflatioun, déi net ze bremsen ass. D’Zenstauxe wäerten also an d’Luucht gesat ginn. Wann déi an Luucht ginn, ginn d’Kreditter och an d’Luucht.
D’Semiray Ahemdova huet erkläert, datt een och laang Tauxen hat, déi anormal déif waren an och vill Leit fixe Tauxen hätten oder vum variabelen op de fixe gewiesselt hätten: Et ass awer och wichteg ze betounen, datt mer trotzdeem nach ëmmer eng finanziell Stabilitéit hunn, wat d’Finanzplaz ugeet.
D’Fuerderung vun der CSV, d’Prozeduren ze vereinfachen, wëll déi gréng Deputéiert net einfach sou am Raum stoe loossen an nennt e konkret Beispill: Mir hu spéitstens leschte Summer gesinn, wéi schlëmm et ass, wann een am Héichwaasser gebaut huet. Déi Prozedur vun der Ëmwelt muss awer erhale bleiwen. Wann ech un e PAG denken, dee muss erneiert ginn oder eng Modification ponctuelle gemaach ginn, muss een deen och halen, do muss e mat de Leit an Nopere schwätzen an d’Leit hu Recht op e Recours.
Fir d’CSV wieren d’Usätz vun der Regierung déi falsch: Mir stinn och weider dozou, datt do, wou et Sënn mécht, de Perimeter erweidert gëtt.
Déi gréissten Oppositiounspartei hätt schonn eng ganz Partie Propositioune gemaach déi lescht Méint a Joren, wou et bis elo awer vun de Majoritéitsparteie keen Entgéintkomme ginn hätt, bedauert de Marc Lies.