Waarden op déi eege véier WännLogementsprojete vum Promoteur Capelli hunn deels grousse Retard

Marc Hoscheid
E Sonndeg si Chamberwalen an ee vun deene Sujeten, déi d'Leit am meeschte beschäftegen, ass de Logement. Gläichzäiteg hänken eng Partie Bauprojete.
Logementsprojete vum Promoteur Capelli hunn deels grousse Retard
E Sonndeg si Chamberwalen an ee vun deene Sujeten, déi d’Leit am meeschte beschäftegen, ass de Logement. Gläichzäiteg hänken eng Partie Bauprojete.

Enn Juli hate mer an engem Reportage de Wunnprojet Cité Ouschterbuer zu Uewerkuer thematiséiert. Well de Promoteur d’Bauentreprisen net bezuelt hat, goung um Chantier näischt méi an d’Proprietäre vun den Haiser hu gedreet, finanziell Problemer ze kréien. De Promoteur Capelli hat Besserung versprach, ma bis elo ass awer nach näischt geschitt an och op anere Plazen am Land gëtt et ganz änlech Problemer.

Logementsprojete vum Promoteur Capelli hunn deels grousse Retard

An dat beispillsweis zu Betteng op der Mess an der Rue an der Messer. Hei ginn aacht Wunnhaiser vum franséische Promoteur Capelli realiséiert. Ee vun de Proprietären ass den Thomas Hein. Hien a seng Fra hunn am September 2019 ee Compromis de vente ënnerschriwwen, den Acte beim Notaire am Mäerz 2021. Am Fong hätt ee schonn am Oktober d’lescht Joer an déi eege véier Wänn solle plënneren, ma et wier dräi Mol zu engem Baustopp komm. Firwat, wier hinnen ni erkläert ginn. Do wou si aktuell lounen, musse si den 1. Dezember eraus. Viru ronn zwou Wochen hate si an aner Proprietären eng Entrevue mam Patron vu Capelli. Hei hätte si erkläert kritt, datt Suen aus dem Ausland missten deblockéiert ginn. D’Avance vu siwe Proprietäre wieren iwwerdeems fir de Bau vun engem aachten Haus benotzt ginn.

“En fait ce lot n’a pas été vendu et c’est une grande conséquence parce que l’argent des acquéreurs du lot de Capelli à Bettange-sur-Messe était utilisé, mais pas dans leurs maisons. Mais c’était utilisé pour un autre bâtiment. En termes juridiques, je ne pourrais pas vous dire exactement si c’est légal, mais moi j’attends, quand je donne de l’argent à mon promoteur immobilier, il l’utilise pour mon propre bien.”

Bei där Entrevue um Siège vu Capelli zu Hollerech waren och Proprietäre vun Uewerkuer derbäi. Obwuel de Promoteur Enn Juli versprach hat, mat de Bauentreprisen ze schwätzen, datt déi sou séier wéi méiglech rëm ufänke mat schaffen, ass bis elo näischt geschitt.

© René Pfeiffer

Firwat wëssen déi Betraffen net, d’Kommunikatioun vu Capelli wier quasi inexistent. Ma och vu verschiddenen Administratiounen, déi ee kontaktéiert hat, fillt ee sech am Stach gelooss, wéi de Jeff Wagner, ee vun de Proprietären, erkläert.

“Also d’Gemeng näischt, do koum iwwerhaapt keng Äntwert. Ministère du Logement, do koum just d’Äntwert, datt si dat weiderginn hätten un de Konsumenteschutzministère a vun deene koum och näischt. Dat heescht och do gi mer am Stach gelooss, eleng gelooss.”

Nodeems mir bei Capelli nogefrot hunn, war et um Freideg de Moien d’Äntwert, datt d’Aarbechten zu Uewerkuer e Méindeg rëm ulafe wäerten, zu Betteng op der Mess soll dat an deenen nächsten dräi Wochen de Fall sinn. Et géing een dacks mat deene selwechte Baufirmen zesummeschaffen an déi wieren an deene leschte Wochen op anere Chantieren, beispillsweis zu Steebrécken, aktiv gewiescht.

Am Owesjournal op der Télé um 19:30 Auer diffuséiere mer ee weidere Reportage ronderëm d’Problemer bei de genannte Logementsprojete vum Promoteur Capelli.

Back to Top
CIM LOGO