
Um Bord vun de Koalitiounsgespréicher hat de Formateur Luc Frieden jo verlaude gelooss, datt d’Staatsfinanze schlecht wieren. Dat géingen Dokumenter vun der Generalinspektioun vun de Finanze beleeën. Konklusiounen awer déi am Widdersproch zu Prognose stéingen, déi viru Méint an der Chamber presentéiert gi wieren, sou d’Piraten. Duerfir fuerderen d’Piraten absolut Transparenz, an datt d’Chamber och direkt soll Accès zu dësen Dokumenter kréien, déi zu Senneng debattéiert ginn.
Och déi “nei” Oppositiounspartei LSAP freet dat selwecht an adresséiert hir Doleancen an engem Bréif un de Chamberpresident Michel Wolter.
Wéi et heescht, missten der Chamber schnellstméiglech all rezent Entwécklunge vun de Staatsfinanze virgeluecht ginn. D’LSAP gesäit et als onverständlech un, datt déi gewielt Deputéiert net um selwechte Wëssensstand wiere wéi d’Verhandlungsdelegatiounen, wou jo och net-gewielte Memberen dra sinn.