
All Joer géinge 4.000 Awunner an der Stad dobäikommen, majoritär Leit aus dem Ausland. Zejoert hätt d’Stad Lëtzebuerg selwer mam Bau vun ëm 40 Logementer ugefaangen. Fäerdeg wieren dës awer éischter nach net. Den Tom Krieps, LSAP-Member vum Stater Gemengerot, mengt, de politesche Wëlle géing einfach feelen. Villäicht wier dëst jo de Fall, well vill vun de Bäigezunne keng Wieler wieren.
Op enger Wiss, an der Rue Anette Schwall-Lacroix, net wäit vum Policebüro zu Märel, hu sech um Méindeg dofir eng Handvoll Politiker vun der LSAP-Sektioun Stad Rendez-vous ginn. Op 4 Parzelle wëll d’Stad Lëtzebuerg hei emol 50 Wunnenge schafen. De PAP stéing zanter 2014, passéiert wier soss awer nach näischt, ee Beispill vu villen. Et géing ze lues an den Akzent géing net genuch op abordabele Wunnraum geluecht ginn, sou d’Kritik vun den LSAP-Politiker.
De Manktem u Wunnenge wier keng Fatalitéit, ënnersträicht de Luc Decker, de Co-President vun der Stater LSAP-Sektioun. Hie berifft sech op eng Note vum Observatoire de l’Habitat vu Januar, aus där ervirgeet, datt d’Stad Lëtzebuerg ee vun de gréisste Proprietäre vu Bauterrainen ass. Vun deenen, déi iwwer 50 Hektar Bauterrain hunn, läit d’Stad Lëtzebuerg op 2. Plaz. Terraine wieren also do.
Der héijer Demande misst elo séier entgéintgewierkt ginn. De President vun der LSAP-Sektioun Stad, de Gabriel Boisante, ënnersträicht, datt d’Prozedure misste méi séier ginn. En Dossier, wou d’Politik eppes kéint maachen. D’Terrainen, déi vun de Proprietären aus reng spekulative Grënn gehale ginn, misste méi séier op de Marché kommen. “Aner Leviere sinn, datt méi an d’Héicht kéint gebaut ginn oder méi dicht”, betount de Gabriel Boisante. Doriwwer eraus misst och d’Zesummenaarbecht tëscht dem privaten an ëffentleche Secteur verbessert ginn.
Als wichtegen Outil, fir méi effizient géint d’Wunnengskris virzegoen, gëtt och de Pacte Logement 2.0. gesinn, mat sengem Artikel 29 bis, deen zanter 2 Wochen a Kraaft ass. Jee no wéi vill Unitéite geschaaft ginn, muss an Zukunft e gewësse Prozentsaz als abordabele Wunnraum deklaréiert ginn, erkläert d’Maxime Miltgen. Vill Verantwortung, fir méi ze bauen, léich bei de Gemengen, sou och bei der Stad Lëtzebuerg. Dofir fuerderen d’Stater Sozialisten an deem Punkt, datt déi abordabel Wunnengen, déi am Kader vum Artikel 29 bis entstoe wäerten, an der Hand vun der Stad Lëtzebuerg bleiwen. Doriwwer eraus fuerdert een, datt d’Stad Lëtzebuerg iwwert de minimale Pourcentage, deen am Artikel 29 bis virgesinn ass, erausgeet. Dofir soll um Terrain an der Rue Anette Schwall-Lacroix net just 20 Prozent abordabele Wunnraum entstoen, mee direkt 100 Prozent. Déi 50 Unitéite sollen an den Hänn vun der Stad bléiwen a vun dëser geréiert ginn.