Lenert, Fayot, KerschLSAP-Generalrot confirméiert Changementer an der Regierung

Pierre Weimerskirch
Den LSAP-Generalrot war um Mëttwochowend zesummen, fir iwwert de Remaniement an der Regierung ze decidéieren. Mat 87% gouf fir d'Kandidate gestëmmt.
VIDEO: LSAP-Generalrot confirméiert Changementer an der Regierung
Den LSAP-Generalrot war um Mëttwochowend zesummen, fir iwwert de Remaniement an der Regierung ze decidéieren. Mat 87% gouf fir d'Kandidate gestëmmt.

Vun den 89 Delegéierte waren der 53 aus dem LSAP-Generalrot do.

Well den Etienne Schneider d'Regierung am Februar verléisst, kënnt et zu enger Rei Changementer. De Franz Fayot kënnt nei an d'Regierung a gëtt Wirtschafts- a Kooperatiounsminister. Den Dan Kersch iwwerhëlt d'Funktioun vum Vize-Premier an d'Paulette Lenert gëtt nei Gesondheetsministesch an delegéiert Ministesch an der Sécurite Sociale.

Reng Formalitéit

Et goung ëm d'Nofolleg vum Etienne Schneider. Am Prinzip war dat nëmmen nach eng Formalitéit, datt déi 3 Propositioune vum Comité Directuer vun der LSAP vum Generalrot ofgeseent goufen. De Generalrot ass aus 89 Leit zesummegesat, dat virop aus LSAP-Mandatsträger.

Wien nom Franz Fayot soll Parteipresident ginn, gouf awer net am Generalrot festgeluecht. Déi fréier Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener hat jo Interessi un deem Posten ugemellt.

Déi Concernéiert am Interview

De Franz Fayot gëtt am Februar neie Wirtschaftsminister an iwwerhëlt och d’ Kooperatioun. An enger éischter Reaktioun huet e sech iwwert den neie Challenge gefreet. De Posten als LSAP-President muss hien de Statuten no néier leeën.

De Franz Fayot gëtt neie Wirtschaftsminister

D’Paulette Lenert iwwerhëllt d’Santé a gëtt delegéiert Ministesch fir d’Securité sociale, e Schratt, deen néideg wier, fir an den Dossiere méi séier virun ze kommen, well béid Ministèren enk verbonne wieren.

D’Paulette Lenert iwwerhëllt d’Santé

Den Dan Kersch gëtt Vizepremier vun der Regierung, ma behält den Aarbechts- an de Sportsministère. Ma éier den Dan Kersch als Vizepremier beim Grand-Duc ernannt gëtt, géif hie sech net an dëser Funktioun zu Wuert mëllen.

Den Dan Kersch gëtt Vizepremier

Den Etienne Schneider ass domat an der Regierung ersat, soubal de Grand-Duc am Februar d’Nominatioune fir gutt geheescht huet, wat allerdéngs nëmmen eng Formalitéit ass. Den Etienne Schneider huet och nom Generalrot net duerchblécke gelooss, wou d’Rees nom Remaniement higeet.

Den Etienne Schneider verléisst d'Regierung am Februar

PDF: Communiqué vun der LSAP

Back to Top
CIM LOGO