Invité vun der Redaktioun (31. Dezember): Luca Mathias"2025 an der Top 10 vun de wäermste Joren"

Claude Zeimetz
E Mëttwoch de Moie war d'Meteo Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Luca Mathias
E Mëttwoch de Moie war d’Meteo Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Den Trend beim Wieder confirméiert sech. Och dëst Joer war et zu Lëtzebuerg méi waarm wéi an der Moyenne, mat enger Duerchschnëttstemperatur vun 10,5 Grad Celsius. Domadder klasséiert sech 2025 an der Top 10 vun de wäermste Joren, déi jee zanter 1947 zu Lëtzebuerg gemooss goufen. Dat sot e Mëttwoch de Moien de Meteorolog Luca Mathias vu Meteolux als eisen “Invité vun der Redaktioun”. Nieft den héijen Temperature gouf et och vill Sonn. Mat engem Plus vun 250 Sonnestonne packt 2025 et och do an d’Top 10. An et ass och méi Ree gefall wéi soss.

Alles dat, sou de Luca Mathias, wieren direkt Konsequenze vum Klimawiessel, déi een zanter de leschten 20 Joer kloer géif gesinn.

Net een Dag Schnéi am Dezember mä keelste Chrëschtdag zanter 15 Joer

E richtege Wanter gouf et, mat Ausnam vun de leschten Deeg, och nach net. Am Dezember huet Meteolux bis elo net een Dag Schnéi op hirer Statioun um Findel erfaasst. Dat hätt et bis elo nëmmen dräi mol ginn, sou de Luca Mathias. 1972, 2006 an 2015. Alles an allem wier den Dezember och gutt zwee Grad ze waarm gewiescht. Aussergewéinlech waarm.

En anert Bild gouf et dëst Joer allerdéngs fir d’Chrëschtdeeg. Statistesch gesi war et iwwer d’Feierdeeg sou kal wéi zanter 15 Joer net méi. Och wann et och dëst Joer fir “wäiss Chrëschtdeeg” alt erëm net duergaangen ass. De Schnéi kéint awer elo op d’mannst e bëssche mam neie Joer kommen.

Sonnege Mäerz a Rekordreen am September

Anescht wéi soss déi Joren, huet d’Wieder sech 2025 éischter am Fréijoer wéi am Summer vu senger dréchener Säit gewisen. Dat war europawäit de Fall. Zu Lëtzebuerg gouf et dëst Joer zwar net deen dréchensten, duerfir awer de sonnegste Mäerz zanter 1947.

A Punkto Ree gouf et ganz vill Variatioun iwwer dat ganzt Joer gekuckt. Net déi üblech Reequantitéite mä vill Op an Of vu Mount zu Mount, sou de Luca Mathias. Mat engem immens naasse September an Oktober zum Beispill. Sou datt ënnert dem Stréch 2025 méi naass war wéi an der Moyenne. Mat 150 Liter/m2 um Findel am Iwwerschoss.

Septemberreen: “Wiedermodeller hu Quantitéiten ugewisen, déi mer sou nach ni gesinn hunn”

Besonnesch de Reen, dee vum 8. op den 9. September erofkomm ass, hätt all Intensitéitsrekorder gebrach, sot de Meteolux-Meteorolog. Do sinn an Zäit vun nëmmen 12 Stonnen 123 Liter op de Meterkaree um Findel erofkomm. Dat ass bal dat Duebelt wéi soss an engem ganze Mount. Meteolux hat fir dee Staarkreen och eng rout Alert rausginn.

All Warnung soll eescht geholl ginn

À propos Alerte. Et wier schwéier ze soen, ob d’Leit d’Alerte richteg verstinn an aschätze kënnen, sou de Luca Mathias. Mä och schonn eng giel Warnung wier en Indice, datt eppes an der Loft läit an déi sollt een eescht huelen. “Mir gi keng Warnung raus nëmme well mer Loscht hunn”, huet eisen Invité betount. Do wier eng ganz Evaluatioun op Basis vu ville verschidde Krittären, eng ganz Prozedur hannendrun. Datt ee mol dernieft läit, léich an der Natur vun der Saach.

Tendenziell géif een zu Lëtzebuerg probéieren, net ze vill fréi ze vill ze warnen, mä sou no wéi méiglech um Wiederevent drun. Da wier een och méi sécher datt et stëmmt.

Invité vun der Redaktioun: Luca Mathias

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO