Nei Luxair-Fligeren an der KritikGilles Feith: Problemer mam Motor stelle keng gréisser Limitatioun duer

RTL Lëtzebuerg
Nom Demi-tour vun enger neier Embraer an no enger Direktiv vun der brasilianescher Aviation civile stoung de Luxair-Generaldirekter en Dënschdeg den Owend Ried an Äntwert.
Problemer mam Motor stelle keng gréisser Limitatioun duer, sou de Gilles Feith
Nom onerwaarten Demi-tour vun engem neie Luxair-Fliger war de Generaldirekter Gilles Feith en Dënschdeg am RTL-Studio, fir Erklärungen zu der Flott ze ginn.

Als “allerbeschte Choix” huet de Luxair-Generaldirekter am Interview op der Tëlee de Kaf vun neien Embraer-Maschinne vum Typ E195-E2 bezeechent. Et wier déi richteg Decisioun fir d’Luxair gewiescht, esou de Gilles Feith: Iwwer Méint wiere verschidde Fligere verglach ginn an den Embraer wier kloer méi ekonomesch, géing manner Kaméidi maachen a wier och méi ëmweltfrëndlech wéi vergläichbar Modeller. Déi grouss Nofro beim Produzent géing dëst confirméieren, sou de Gilles Feith. Géif een elo esou eng Maschinn bestellen, misst ee bis 2029 oder 2030 waarden, éier ee se krit.

Am Interview beim Frank Goetz huet de Luxair-Generaldirekter och weider Erklärungen zu der Sécherheet an de spezielle Flug-Oploe vun der Gesellschaft hiren neie Fligere vum Typ Embraer E195-E2 ginn. De Gilles Feith huet op en Neits ënnerstrach, datt d’Sécherheet vun de Passagéier net a Fro gestallt wier.

Um Méindeg hat en neie Fliger vun der Luxair, deen ënnerwee op Mailand war, no kuerzer Zäit missen aus Virsiicht ëmdréinen – wéinst der Meldung vun engem Capteur. Um Dënschdeg de Moien hat d’Luxair doropshi scho reagéiert an de Gilles Feith de Kaf vun de Fligeren op Radio Lëtzebuerg als richtege Choix bezeechent.

Natierlech wier et ni gutt, wann e Fliger misst ëmdréinen, allerdéngs wier dat eng Standardprozedur an net onbedéngt eng “national Noriicht”, sou nach de Gilles Feith.

De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith war en Dënschdeg den Owend am Studio, fir op dem Frank Goetz seng Froen ze äntweren.
De Luxair-Direkter Gilles Feith war en Dënschdeg den Owend am Studio, fir op dem Frank Goetz seng Froen ze äntweren.
© Luc Marteling

Den Demi-tour vum Mailand-Vol hat och näischt mat allgemengen technesche Froen iwwer den Embraer-Typ ze dinn. Där hat eng Direktiv vun der brasilianescher Aviation civile opgeworf an dat wéinst de Motore vu Pratt & Whitney. Datt déi gewësse Problemer mat äisegen Temperature kënnen hunn, wier mëttlerweil gewosst, sou de Gilles Feith, allerdéngs huet hien zouginn, datt dat virum Kaf vun de Fligeren nach net bekannt gewiescht wier. Well de Problem awer all d’Fligere betrëfft, net just déi nei vun der Luxair, stéing d’Gesellschaft lo net eleng virun dëser Erausfuerderung.

De Generaldirekter huet och ervirgehuewen, datt am Fall vun engem Problem “all Detail” géif analyséiert ginn.

Och wann déi äiseg Temperaturen, wéi mer se am Moment zu Lëtzebuerg gesinn, kéinten zu weidere Problemer féieren, sou wieren dat awer net vill Deeg am Joer an dat géif duerfir keng gréisser“Limitatioun” duerstellen, huet de Generaldirekter weider gemengt.

Wat genee huet et mat de speziellen Oplage vun de Pratt & Whitney–Motoren op sech?

Wéi eng Restriktioune ginn et fir déi nei Luxair Fligeren?
Fir de Motor vu Pratt & Whitney ginn et speziell Oplagen, wéini d’Wieder et erlaabt, ze fléien.

Am RTL-Interview huet de Gilles Feith och erkläert, wéi et dozou komm ass, datt no der Annonce vun Etihad och d’Luxair ugekënnegt huet, deemnächst op Abu Dhabi ze fléien. Grad ewéi bei aneren Destinatiounen hätt hei déi auslännesch Airline reagéiert, nodeems d’Luxair Slotte fir déi Destinatioun ugefrot hätt.


Back to Top
CIM LOGO