
Am RTL-Moiesjournal huet de Luxair-Generaldirekter berouegt: “Mir gesinn dat ganz relax. De Fliger ass kee schlechte Choix”, sou de Gilles Feith. Deen erkläert, datt eng ganz Rei Airbus-Modeller an effektiv och de concernéierte Luxair-Modell Embraer E2 bei ganz spezifeschen, extreme Wieder-Conditiounen net däerfe starten.
An zwar bei Niwwel, dee fréiert an enger Visibilitéit ënner 100 Meter. Dat wier awer net de Probleem gewiescht, firwat de Mailand-Vol Demi-tour gemaach huet, mee eng technesch Warnung.
Et hätt een och ouni Probleem kënne weider fléien, mee besonnesch bei neie Fligere géif een dann extra oppassen an ëmdréinen. Esou en Demi-Tour wier souwisou eng absolut Standard-Prozedur an der Aviatioun, déi dacks géif virkommen, net nëmme bei der Luxair, sou nach de Generaldirekter vun der nationaler Fluchlinn.
Liest dozou och dësen Artikel: