
D’Passagéier, déi e Méindeg de Moien op Mailand wollte fléien, hunn e bësse méi Gedold misse matbréngen. Hir Maschinn, déi nei Embraer E195-E2, déi eréischt am November 2025 hei am Land ukomm ass an Ufank vun dësem Joer a Betrib geholl gouf, huet kuerz hanner Metz ëmgedréint an ass zeréck op de Findel geflunn.
Vun der Luxair heescht et, datt een net all Tëschefall vun engem Fliger, wann dësen um Wee op seng Destinatioun muss ëmdréinen an zeréckfléien, géif kommentéieren. Dorobber ugeschwat, datt et sech bei aktuelle Fall net ëm iergendeng, mä ëm hir neiste Maschinn géif handelen, huet d’Pressespriecherin vun der Luxair ze bedenke ginn, datt Fligeren net just wéinst technesche Schwieregkeete misste ëmdréinen, mä och nach aner Tëschefäll ginn, déi dëst kënne provozéieren. Weider wollt si awer net drop agoen an och net confirméieren, datt et sech bei der Situatioun vun e Méindeg net ëm en technesche Problem gehandelt huet.
Confirméiert gouf awer dogéint, datt eng aner Maschinn genotzt gouf, fir déi 37 Passagéier e bësse méi spéit am Méindeg de Moien op Mailand ze fléien.

Scho lescht Woch gouf et e Virfall mat enger Luxair-Maschinn a Richtung Malaga.