
Luxair keeft zwee nei Fligere bei Boeing vum Typ 737-8. Dat huet de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Airline e Freideg decidéiert. Déi zwee Fligere sollen 2026 geliwwert ginn. Bis dohin wäert Luxair zwee där selwechter Fligere bei Boeing lounen.
Dëse Modell kéint dann och méi wäit fléien, ronn 5.700 Kilometer. Donieft soll e ronn 20 Prozent manner CO2 ausstoussen.
D’Negociatiounen, fir zwee weider Fligere vun deem Typ ze kafen, géifen iwwerdeems lafen. De Kaf vun dëse 4 Fligere wier en essentielen Deel vun den Investitiounen an d’Zukunft vun der Airline.
Dass de Choix op Boeing an net Airbus gefall ass, erkläert de CEO vu Luxair Gilles Feith domat, dass d’Boeing 737-8 deen eenzege Modell ass, deen disponibel ass zu deem Ament, wou en och gebraucht gëtt bei der Luxair. Och den Airbus A320 wier e gudde Fliger, ma et hätte keng Liwwerméiglechkeete bestanen. D’Pilote kéinten iwwerdeem och méi einfach op der Boeing 737-8 ugeléiert ginn.