Problemer mam FuerwierkLuxair-Maschinn huet missen zu Nice noutlanden

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet e Luxair-Fliger missen zu Nice noutlanden. Un engem De Havilland Q400 gouf et eisen Informatiounen no e Problem mam rietse Fuerwierk.

Wéi d’Luxair mellt, huet eng Havilland-Q400-Maschinn missen zu Nice noutlanden. De Voll mat der Nummer LG8255, dee vum Findel a Richtung Nice geflunn ass, huet missen en Donneschdeg am Nomëtteg zu Nice um Fluchhafen noutlanden. Wéi et vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft heescht, hätt et e Problem mam rietse Fuerwierk ginn.

Wéi op der Plattform “Flightradar24" ze gesinn ass, huet de Fliger iwwer eng Stonn laang iwwer dem Mëttelmier Schlaufe gedréint, ier en um Enn sécher an der Hafestad gelant ass. De Vol LG8255 koum mat enger Stonn Verspéidung kuerz viru 16 Auer de Mëtteg zu Nice un. Wéi d’Luxair confirméiert, wier kengem vun de 74 Leit u Bord vun der Maschinn eppes geschitt an d’Passagéier hätte mam Bus kënnen op den Terminal bruecht ginn. Et wier och psychologesch Ënnerstëtzung en place gesat ginn.

De Voll LG8255 huet Schlaufen iwwer dem Mëttelmier bei Nice gezunn.
De Voll LG8255 huet Schlaufen iwwer dem Mëttelmier bei Nice gezunn.
© Screenshot Flightradar 24

Um Fluchhafen zu Nice ware sämtlech Sécherheets-Precautioune geholl ginn. Ënner anerem waren d’Pompjeeë mobiliséiert. Wéinst dem Virfall war de Fluchtrafic eng Zäit ënnerbrach.

Der Luxair no wäert eng déifgrënneg Enquête gemaach ginn, fir d’Ursaach vum Incident ze klären.

Eréischt d’lescht Woch hat en neien Embraer E195-E2 missen um Wee op Mailand aus Virsiicht ëmgedréint. Dat wéinst enger Meldung vun engem Capteur. De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith hat doropshi reagéiert an de Kaf vun den neie Fligeren als richtege Choix bezeechent an erkläert, datt Problemer mam Motor keng gréisser Limitatioun géing duerstellen. De Gilles Feith ass nom Virfall en Donneschdeg dann och nees live um 19.30 Auer am Journal op RTL Télé.

Dir krut de Virfall mat? Da mellt Iech bei eis op red@rtl.lu.


Liest dozou och dës Artikelen:



D’Schreiwes vun der Luxair:

Press News

Luxembourg, 22 Janvier 2026

Atterrissage d’urgence du vol LG 8255 (Luxembourg–Nice)

Aujourd’hui, le 22 janvier, le vol LG 8255 reliant Luxembourg à Nice, opéré avec un avion Dash 8- 400, a effectué un atterrissage d’urgence à la suite d’un problème sur le train d’atterrissage droit de l’appareil.

L’avion a atterri en toute sécurité et, par mesure de sécurité, s’est immobilisé sur la piste. Les procédures appropriées ont été appliquées conformément aux réglementations de sécurité. Les 74 passagers ont été débarqués et transportés en bus jusqu’au terminal, où ils sont pris en charge.

Tous les passagers et les membres d’équipage sont sains et saufs, et un soutien psychologique est mis à disposition si nécessaire. La cause profonde de cet incident fera l’objet d’une enquête approfondie conformément aux réglementations de sécurité de la compagnie aérienne.

Back to Top
CIM LOGO