Wéinst der Corona-PandemieLuxaviation Group navigéiert "à vue"

RTL Lëtzebuerg
An der Privatfligerei wier d'Situatioun „interessant“, mä och „komplizéiert“. Et ass awer net alles schlecht an et gi gutt Nouvellen.
© Luxaviation Group

Luxaviation muss am Moment wéinst der Corona-Kris „à vue navigéieren“. An engem „interessanten“, mä „komplizéierte Kontext“, sou de CEO vu Luxaviation, de Patrick Hansen am RTL-Interview. Engersäits wier an der Privat- a Geschäftsfligerei d'Demande an Europa grouss, op der anerer Säit géing interkontinental kee Mënsch am Moment a Richtung Amerika oder Asien fléien. Donieft wiere Basen an Afrika an an Australien aktuell zou.

Dann ass et esou, datt d’Zuel vun den Demanden zwar „riiseg“ wier. Op der anerer Säit géing et en Ënnersched ginn tëscht den Demanden an de Volen déi duerno effektiv gemaach ginn. Vill Leit géinge sech renseignéieren mee de Präiss läit iwwert hire Virstellungen. Intraeuropäesch géing ee Fluch mat engem normalen Jet tescht 12.000 a 25.000 Euro kaschten. Luxaviation schafft awer aktuell un engem „Produit“ mat abordabele Präisser. Dee Produit géing an den nächste Woche bekannt ginn.

An deem „komplizéierte“ Kontext begréisst de CEO vu Luxaviation, datt seng portugisesch Entitéit als éischt iwwerhaapt ënner Supervisioun vun der europäescher Sécherheetsagence fir d’Aviatioun kënnt a vun där Agence de sougenannten"Air operator‘s certificate" krut. Wa bis all d’europäesch Operatiounen ënner enger europäescher Supervisioun stinn, amplaz lauter verschidde nationaler, kéinte Käschte gespuert ginn, sou de Patrick Hansen.

De Patrick Hansen huet och vu Solidaritéit a sengem Secteur geschwat. Luxaviation hätt gutt Präisser a besser Konditioune fir Kreditter fir Clienten a Fournisseuren. D'Lëtzebuerger Firma huet Konkurrenten ugebueden déi Kreditter zesummezeleeën a sech „drun ze hänken“. Wann et erstaunlech ass, datt Firme sech am privat Secteur ënnerstëtzen, sou huet de Patrick Hansen awer erkläert, datt Konkurrenten a sengem Secteur dacks och gläichzäiteg Cliente wieren oder een dacks géigesäiteg op deem anere seng Fligeren zeréckgräift.

Eng manner gutt Nouvelle fir Luxaviation war eng Amende vu 600.000 Euro vum Ëmweltministère, well d'Firma hir CO2-Emissiounszertifikater viru puer Joer net korrekt restituéiert hat. De Patrick Hansen schwätzt vun techneschem Feeler, well een ee Schrëtt an der Prozedur verpasst hat. De Feeler wier zwar réckgängeg gemaach ginn, mä „domm gaang, awer deier“, sou de Patrick Hansen.

PDF: Communiqué de presse Luxaviation Group (Fr)

Back to Top
CIM LOGO