
An der Chamber gouf en Dënschdeg de Mëtteg mat de Stëmme vun déi Lénk an de Piraten eng Nobesserung vum Naturschutzgesetz gestëmmt. Et si keng fundamental Ännerungen, mä Upassunge vum Gesetz vun 2018.Sanktioune ginn ugepasst an déi strofrechtlech Ëmsetzung soll besser garantéiert ginn. Administrativ Eng administrativ Vereinfachung soll kommen an zum Beispill Mesurë géint Liichtverschmotzung - dat ass eng iwwerméisseg Beliichtung an der Nuecht – gi verbessert. Dat wär alles néideg, sot de Rapporter de gréngen Deputéierte François Benoy. Et wär déi lescht Jore vill geschitt am Beräich Naturschutz, mä nawell wär den Zoustand vun der Natur net gutt.
“Mat den Upassungen an dësem Gesetzprojete suerge mer eben dofir, datt de Staat déi Moyen huet, déi e brauch, fir d’Natur ze schützen, respektiv géint d’Zerstéierung vun der Natur virzegoen. A gläichzäiteg maache mer Upassungen, fir d’Ëmsetzunge vum Gesetz unzepassen an auszebauen, grad ewéi, fir Administrativ Hürden ofzebauen.”Vun der gréisster Oppositiounspartei gouf et nawell vill Kritik um presentéierte Projet. Dat well keen ee vun de Verbesserungsvirschléi, déi d‘CSV proposéiert huet, ugeholl ginn ass. An dat obschonn den aktuellen Text an den Ae vun der Co-Presidentin vun der CSV-Fraktioun Martine Hansen, ënnert anerem nach vill ze vill Willkür zouléisst.
„Mir si wierklech fest dovun iwwerzeegt, dass et net ka sinn, dass ee Minister kann opgrond vum Gesetz, well dat et zouléisst, deenen engen u sech Geneemegungen nogeheien an deenen aneren immens vill Steng an de Wee leeën. Dir wësst, et gëtt immens vill Haiser an der Gréngzon, dat sinn net nëmme Weekendhaiser. Et ginn am Éislek ganz kleng Dierfer, déi an der Gréngzon leien. Wann déi hir Trap e bësse wëlle vergréisseren, da kréie si Schwieregkeeten, do eng Geneemegung ze kréien.“Ausserdeem géif et un der néideger Transparenz feelen an d‘Restriktioune fir Transformatiounen u Gebaier a Gréngzone wieren deels komplett iwwerdriwwen. Derbäi kéim, dass dës Reform kaum Plaz fir eng modern Landwirtschaft géif loossen, esou d’Martine Hansen.Dësen an och de Reproche vun engem Manktem un Transparenz huet d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg allerdéngs net gëlle gelooss.
“Et ass net duerch d’Sträichen oder duerch een Artikel, datt ee méi Transparent fir de Bierger gëtt oder datt ee méi fir Gläichbehandlung ass. Mä duerch e méi strukturéiert Virgoen, duerch Reglementer, déi ënnerwee sinn, duerch och Ëmstrukturéieren. Mir sinn amgaangen, eng Unitéit opzebauen, och an der Natur- a Bëschverwaltung ebe grad fir d’Prozedure méi schnell ze maachen. [...] Eben och, fir eng nei Struktur hei eranzebréngen.”Och d‘Kritik zum Beispill un de Reegele fir Renovatioune vun Haiser a Gréngzonen huet d‘Ministesch zeréckgewisen. Dës wiere selbstverständlech nach ëmmer méiglech, ma se wiere ganz genau kadréiert.D’Reform ass mat 35 Jo-Stëmmen a 25 Nee-Stëmmen ugeholl ginn.
De Mouvement écologique verlaangt grondleeënd Changementer, anerwäerts riskéiere mer de Verloscht vu Biodiversitéit, heescht et an engem Communiqué.Eng Rei Neierunge wieren ze begréissen, wéi zum zum Beispill d’Verankerung am Gesetz vun der Liichtverschmotzung oder den Ausbau vum Virkafsrecht.Et hätt ee sech awer erwaart, datt nieft dem Naturschutz och eppes fir d’Akzeptanz an der Bevëlkerung gemaach hätt kënne ginn, zum Beispill bei der administrativer Vereinfachung.Leider wieren och aner Propose vum Mouveco net consideréiert ginn, wéi déi schrëttweis Legaliséierung vum Biotopkadaster oder eng déifgräifend Reform vum Kompensatiounssystem bei Agrëffer an d’Natur. Och misst onbedéngt bei de landwirtschaftleche Praktiken eppes geschéien, déi géingen e groussen Deel zum Verloscht vun der Biodiversitéit bäidroen.
Stäerkung vum Naturschutzgesetz a Vereinfachung vun de Prozeduren am Interessi vun de Bierger (18.01.2022) | |
| |
| |
D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet haut an der Chamber d’Aarbéchte ronderëm d’Modifikatiounen um Naturschutzgesetz ofgeschloss, déi op d’Stäerkung vum Gesetz, op méi Rechtssécherheet fir d‘Bierger an op d’Vereinfachung vun de Prozeduren, ofziilt. Ophänkert wor, datt d’Reegelung vun den Infraktioune géint d‘Naturschutzgesetz vun de Strofgeriichter als ze generell formuléiert ugesinn ginn ass an entspriechend Nobesserungen am Gesetzestext néideg woren. Den Ëmweltministère huet doropshi Modifikatiounen an enker Ofstëmmung mam Justizministère ausgeschafft. D’Chamber huet dës Ännerunge mam Vote vun haut offiziell ugeholl. Méi Rechtssécherheet a Flexibilitéit fir d’Bierger Eng wichteg Neierung am Gesetz verbessert virop d’Rechtssécherheet fir d’Bierger déi an der Gréngzon wunnen, an déi am Fall vun extreme Wierderereegnesser hire Wunnsëtz nees kënne komplett opbauen, wann dësen duerch e „cas de force majeure“ zerstéiert oder beschiedegt gouf. Des Weidere gëtt ab haut d’Méiglechkeet fir Nieweberuffler am Beräich vum Land-, Gaarden- a Geméisbau, op hire Parzellen an der Gréngzon kleng aktivitéitsgebonne Konstruktiounen opzeriichten. Méi Flexibilitéit bei Renaturéierungen an „arbres remarquables“ Ausserdeem gëtt mat den Ännerungen d’Dier fir méi Geschwindegkeet bei der Ëmsetzung vum Héichwaasserschutz a vun de Renaturéierungen opgemaach. Hei kritt de Staat elo e Virkafsrecht zougesprach, bei Parzellen an der Gréngzon déi u Waasserleef grenzen. Och de Schutz vun den „arbres remarquables“ gëtt vereinfacht, well dës duerch e neie Passus net méi iwwert d‘Denkmalschutz, mee direkt iwwert d’Naturschutzgesetz geschützt ginn. Schliisslech kritt d’Gesetz fir Mënsch an Déier méi Duerschlagskraaft am Beräich vun der Liichtverschmotzung, andeems konkret Mesurë géint schiedlech Liichtquelle festgeschriwwe ginn. |