Predi-Covid-EtüdMajoritéit vun de 556 Participanten hate wéineg oder liicht Covid-Symptomer

RTL Lëtzebuerg
Den Luxembourg Institute of Health huet en Dënschdeg éischt Resultater vun hirer Etüd „Predi-Covid“ verëffentlecht.
Predi-Covid-Etüd
Den Luxembourg Institute of Health huet en Dënschdeg éischt Resultater vun hirer Etüd „Predi-Covid“ verëffentlecht.

D'Resultater vun der Etüd goufen och an der renomméierter internationaler Fachzäitschrëft „British Medical Journal Open“ publizéiert.

Zil vun dëser Etüd ass et, fir erauszefannen, wéi eng Patienteprofiller mat engem méi schwéiere Verlaf vum Covid-19 associéiert sinn. Dofir goufen de Gesondheetszoustand an d'Symptomer vu Covid-19-Patiente puer Mol am Dag digital iwwerwaacht. Donieft goufen direkt am Ufank an no 3 Woche biologesch Prouwe vun den Participante geholl, dorënner Blutt, Ofstrécher aus der Nues an dem Mond, Spaut an Stull.

556 Patiente goufe bis ewell an d'Etüd opgeholl mat engem Duerchschnëttsalter vun 39 Joer. Déi virleefeg Resultater géinge weisen, dass déi grouss Majoritéit vun de Participante wéineg an nëmme liicht Symptomer hat. Am dackste gëtt Féiwer genannt mat ronn 26 Prozent, duerno Houscht mat 23 Prozent an eng Nues, déi leeft mat 12 Prozent. Zu den heefegste Risiko-Facteure gehéieren d'Fëmme mat 18 Prozent, Asthma mat 5,4 Prozent, Diabetis mat 4,7 Prozent, chronesch Häerzerkrankunge mat 3,6 Prozent an Obesitéit mat 3,3 Prozent.

Bei 245 Participante goufen och Enregistrementer vun der Stëmm gemaach, fir ze kucken, wéi sech d'Charakteristike vun der Stëmm am Laf vun der Zäit veränneren. Dobäi konnt festgestallt ginn, dass bei Covid-Patiente sougenannt "vokal Biomarker" heefeg sinn. Dozou gehéiere Syndromer vun den Otemweeër, Middegkeet, Ängschten an negativ Emotiounen.

Bis ewell ass de Luxembourg Institute of Health ganz zefridde mat dëse Resultater, ma d'Wëssenschaftler maachen een Appell un all déi Leit, déi virum kuerzem positiv op de Coronavirus getest goufen, fir un dëser Etüd Deel ze huelen. Donieft géing een elo mam CHL zesummeschaffen, fir d'Etüd och bei Kanner duerchzeféieren. Den LIH präziséiert op Nofro hin, dass si selwer d'Leit kontaktéieren, an een net bei hinne soll uruffen.

PDF: D'Resultater vun der LIH-Etüd (Lu)

Back to Top
CIM LOGO