
Um 18 Auer koum et an der Route de Michelau zu Ierpeldeng zu engem Accident, woubäi eng Automobilistin an e Bam gerannt ass. D'Fuererin gouf schwéier blesséiert, de Bäifuerer hat méi liicht Blessuren.
Um 17.30 Auer sinn zwee Autoen am Rond-point Irgäertchen zu Hamm net laanschtenee komm. Beim Accident ass awer kee blesséiert ginn.