
Spëtzekandidate sinn den Educatiounsminister Claude Meisch an den neie Familljeminister Max Hahn. Do dernieft d’Deputéiert Barbara Agostino vu Rolleng, déi viru Kuerzem an d’Chamber nogeréckelt ass. Och di zwee aner aktuell Deputéiert ginn nees mat: De Gusty Graas a Pim Knaff.
Mam Lou Linster vu Leideleng huet een ee Buergermeeschter ënnert de Kandidaten. De Michael Agostini als President vun de Jonken Demokraten, déi fréier Tennisprofi-Spillerin Mandy Minella, d’Coordinatrice vun Esch2022 Nancy Braun an och den Direkter vum Stater Conservatoire a Member vum Staatsrot Marc Meyers gi fir d’DP am Süde mat an d’Chamberwalen.
D’Christine Schweich vu Monnerech, déi nach fir d’LSAP als Spëtzekandidatin an d’Gemengewale gaangen ass an 2 Wochen no de Walen hir Parteikaart duerch eng blo DP-Kaart getosch huet, gouf deemno net vun der DP Süden fir d’Chamberwalen zréckbehalen.
Op der Lëscht sinn 13 Männer an 10 Fraen.
Claude Meisch, Minister fir Bildung Kanner a Jugend, Minister fir Héichschoul a Fuerschung, 51 Joer, Déifferdeng
Max Hahn, Minister fir Famill an Integratioun, Minister fir d’Groussregioun, 42 Joer, Betteng op der Mess
Barbara Agostino. Deputéiert, Conseillère, Foraine, 41 Joer, Rolleng
Michael Agostini, President Jonk Demokraten, Diplomingenieur, 33 Joer, Esch/Uelzecht
Gabriella Biagioni, Geschäftsfra, 60 Joer, Zolwer
Sven Bindels, Conseiller, Staatsbeamte bei der Post, 44 Joer, Mamer
Nancy Braun, Coordinatrice Esch 2022, 51 Joer, Esch/Uelzecht
Elisabeth da Silva, Conseillère, Directrice adjointe EIDE, 49 Joer, Déifferdeng
Jeffrey Drui, Conseiller, Finanzexpert, Dozent op der Universitéit, 30 Joer, Schëffleng
Luc Emering, Schäffen, Agrar-Ingenieur, 26 Joer, Sprénkeng
Maryse Frantzen, Conseillère, Employée op enger Bank, 33 Joer, Ollem
Gusty Graas, Deputéierten, Schäffen, 65 Joer, Beetebuerg
Jérôme Hautus, Conseiller, Bëschaarbechter, 28 Joer, Kënzeg
Pim Knaff, Députéierten, Schäffen, Affekot, 57 Joer, Esch/Uelzecht
Lou Linster, Buergermeeschter, Ingénieur-conseil, 31 Joer, Leideleng
Marc Meyer, Conseiller, Staatsbeamten, 43 Joer, Diddeleng
Marc Meyers, Member vum Staatsrot, Direkter vum Conservatoire de la Ville de Luxembourg, 49 Joer, Bierchem
Mandy Minella, professionell Tennisspillerin, 37 Joer, Lampech
Felix Mores, Employé am Privatsecteur, 31 Joer, Keel
Mireille Roemer, Conseillère, Employée CFL, 51 Joer, Äischen
Sheila Schmit, fräiberufflech Hiewan, 42 Joer, Diddeleng
Daliah Scholl, Conseillère, diploméiert Flüttistin, Enseignante an enger Museksschoul, 49 Joer, Esch/Uelzecht
Amela Skenderovic, Enseignante, 27 Joer, Esch/Uelzecht