
Eng Reform déi de Geschäftsgeescht fuerdertD’Reform, déi nach op den OK vum Staatsrot waart, soll déi ominéis 2. Chance fir Entreprisen déi Faillite gaange sinn aféieren, an d‘Transmissioun vum Betrib un eng aner Persoun vereinfachen. Ganz niewebäi kennt och eng Reglementatioun fir Persounen, déi Wunnraum iwwer Servicer ewéi AirBnB verlounen.„Op den Dag vun haut ass et esou, datt wann een eng Faillite huet, et ganz schwéier ass fir nach eng 2. Autorisatioun kënnen ze kréien,“ erkläert den zoustännege Minister Lex Delles virun der versammelter Press.De Prinzip vun der 2ter Chance wier wichteg, esou den zoustännege Minister Lex Delles. Dat besonnesch zu enger Zäit, enger No-Covid-Kris Zäit, wou de Geschäftsgeescht nees esou gefuerdert ass ewéi scho laang net méi.Mat der Reform soll den Ënnerscheed tëscht enger Faillite duerch Pech oder schlechter Gestioun gemaach ginn.„Deemno wéi huet een e Chantier am Gebai oder virun der Dier an et kann een dowéinst net méi richteg schaffen. Oder et gëtt eng Persoun krank, ewéi zum Beispill de Manager, dëse ka fir e puer Méint net méi schaffen, da kann een och emol an d‘Faillite falen,“ schwiereg Zenarien ginn et der genuch, bedauert de Minister. „An deem Fall wëlle mer kënnen eng zweet Chance ginn.“ War et eng schlecht Gestioun, kritt een och eng nei Autorisatioun ënnert der Konditioun, datt déi responsabel Persoun un enger „Formation de gestion d‘entreprise“ participéiert. Keng Chance méi gëtt et wa Fraude am Passé konstatéiert gouf. Eng onofhängeg Kommissioun soll dat kontrolléieren.3.000 Betriber wiesselen an den nächste Joren de PatronVun den 8.400 Entreprisen am Handwierk zu Lëtzebuerg wäerten iwwert déi nächst 10 bis 15 Joren eng 3.000 de Besëtzer wiesselen, esou Pronosticken. Fir onnéideg Fermeturen duerch komplizéiert Prozeduren ze verhënneren gëtt reforméiert, erkläert de Lex Delles.„Elo ass et esou, wann eng Entreprise soll iwwerholl ginn, sief et vun engem Nokommen, vun engem Responsabelen oder Mataarbechter, da muss deen op d‘mannst 10 Joer an der Entreprise beschäftegt sinn, wann hien net déi néideg Qualifikatiounen huet.“ Dem neien Text no muss ee just nach 3 Joer an der Entreprise geschafft hunn, fir dës ze iwwerhuelen. Dono huet ee 5 Joer Zäit, fir déi néideg Ausbildung nozehuelen.Ech verlounen op AirBnB, sinn ech elo Hotelier?Wien da säi Wunnraum fir méi ewéi 3 Méint iwwer Servicer ewéi AirBnB verlount, sief dat un een oder sëllege Clienten, brauch an Zukunft eng Autorisatioun als Hotelier. De Prinzip vun der „shared economy“ soll awer net verschwannen oder decouragéiert ginn, heescht et vum Ministère.„Wann ech eng Woch an der Vakanz sinn an elo wëll ech mäin Appartement zum Beispill fir eng Woch verlounen, e flotte Prinzip, da wëlle mer dat natierlech net bremsen. Et geet just drëms eng onfair Kompetitioun par Rapport zu Hotelieren ze verhënneren.“Kontrolléiert gëtt dat ganzt an Zukunft mat engem Programm, deen d‘Offeren, Duréen an d‘Präisser vun de Buchungen op den Internetsitten analyséiert. Weider wier een a Kontakt mat de bekanntste Plattformen.E Mëttwoch war jo bekannt ginn, datt Plattformen ewéi AirBnB an Zukunft mussen Detailer zu Privat-Iwwernuechtungen matdeelen. Den Europäesche Geriichtshaff zu Bréissel forcéiert d‘Entreprisen an Zukunft Gemengen an déi lokal fiskal Administratiounen iwwer Reservatiounen am Bild ze halen.

Le nouveau droit d’établissement, stimulateur de l’esprit d’entreprise (28.04.2022) | |
| |
| |
En date du 28 avril 2022, le ministre des Classes moyennes, Lex Delles, a présenté la réforme du droit d’établissement. Cette réforme vise à moderniser le droit d’établissement afin de créer un cadre juridique moderne, susceptible de stimuler l’esprit d’entreprise. En vue d’atteindre cet objectif, le nouveau droit d’établissement prévoit quatre mesures principales:
La réforme du droit d’établissement ne se limite cependant pas à stimuler l’esprit d’entreprise, mais vise également d’autres objectifs concrets, comme le contrôle en matière de blanchiment et de financement du terrorisme. La réforme prévoit un échange des données entre la Direction générale des classes moyennes et toutes autres administrations ou autorités concernées, telles que le gestionnaire du Registre de commerce et des sociétés, l’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA ou le Centre commun de la sécurité sociale. La Direction générale des classes moyennes informera en outre la cellule du renseignement financier et la Commission de surveillance du secteur financier sans délai en cas de soupçon de participation à une activité de blanchiment ou de financement du terrorisme. De plus, des autorisations spécifiques seront mises en place pour certaines activités commerciales, comme par exemple la vente de voitures et de biens de grande valeur. L’encadrement de la location de courte durée figure également parmi les objectifs de la réforme du droit d’établissement. Cette réforme se veut pragmatique en prenant en compte d’un côté la liberté de louer occasionnellement un logement privé et en tenant compte de l’autre côté de la nécessité de réguler toute activité s’apparentant à de l’activité d’exploitation d’un établissement d’hébergement. Un seuil cumulatif de trois mois sur une période d’un an à compter de la dernière location à une clientèle de passage sera donc introduit, à partir duquel l’exploitant d’hébergement devra disposer d’une autorisation d’établissement. Soulignons finalement que le nouveau droit d’établissement améliore l’information des consommateurs. Le projet de loi permet ainsi d’avoir un accès en temps réel aux informations relatives notamment aux qualifications professionnelles et à la validité de l’autorisation d’établissement d’une entreprise. Le ministre des Classes moyennes, Lex Delles, indique que «la réforme du droit d’établissement stimulera l’esprit d’entreprise et dynamisera le développement du secteur des petites et moyennes entreprises. Le principe de seconde chance suite à une faillite, la simplification de l’accès à certaines professions artisanales, la facilitation des démarches administratives et la simplification de la transmission d’entreprise représentent des opportunités inédites dans ce contexte. Nous adaptons le droit d’établissement également aux nouvelles réalités en encadrant notamment la location de courte durée suite à l’apparition de nouveaux modèles de ‘sharing economy'». |