
En Donneschdeg géint 17 Auer koum et op der Kräizung Rue de Mullendorf an Rue de Luxembourg zu Heeschdref zu engem uergen Accident. Beim Ofbéien hat de Chauffer vun enger Camionnette zwee Foussgänger, eng Mamm an hire Bouf, déi um Zebrasträife waren, iwwersinn a se ze pake kritt. Béid Foussgänger si gefall a goufe blesséiert. Si goufen op der Plaz behandelt a koumen an d’Spidol. De Virgang vum Accident gouf vun der Police opgeholl.
An der Stad an Direktioun Beggen hat e Chauffer d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an e Won ze pake kritt, deen nieft der Strooss ofgestallt war. Dobäi gouf awer och de Chauffer vum zweeten Auto, dee grad nieft sengem Won stoung, getraff. De Mann gouf u sengem Bee blesséiert a koum an d’Spidol. Eng weider Persoun, déi dee Moment um Trottoire ënnerwee war, gouf net blesséiert. Nom Accident gouf den Alkoholpeegel vum éischten Automobilist kontrolléiert, deen däitlech ze héich war. De Permis gouf ofgeholl.
An der Route d’Echternach zu Dummeldeng goufen e Freideg de Moie géint 9.45 Auer iwwerdeems dräi Mënsche blesséiert, nodeems zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Ambulanzen aus der Stad, vu Jonglënster a vu Mamer waren op der Plaz.
Zwee weider Permise goufen dann och agezunn, dat géint 20.30 Auer um Parking Däichwisen zu Ettelbréck. De Chauffer vun enger Camionnette hat säi Won hei ofgestallt, ma d’Handbrems net gezunn, esou datt d’Camionnette weider gerullt ass an an der Uelzecht zum Stoe koum. Den Alkoholtest, deen dono gemaach gouf, war positiv. An der Route du Vin zu Réimech war géint 4 Auer e Chauffer opgefall, dee komesch Manövere gemaach huet. Och hei war Alkohol am Spill an de Permis fort.
Zu Dikrech an der Avenue de la Gare koumen zwee Autoen net laanschteneen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Nordstad.