Avis vun der CCDHManktem u statisteschen a wëssenschaftlechen Detailer fir déi nei Restriktiounen

RTL Lëtzebuerg
E weidere partielle Lockdown schéngt inevitabel, d'Land steet virun neie Restriktiounen an der Lutte géint d'Covid-19-Pandemie.

Dem politeschen Timing iwwert den entspriechende Gesetzesprojet no tranchéiert d'Regierung um Méindeg nach emol iwwert d'aktuell Situatioun an de Spideeler an a puncto Neiinfektiounen, éier den entspriechenden Text da kéint den nächsten Dënschdeg vun der Chamber am Cercle gestëmmt ginn. Rapporter ass nees den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.

D'konsultativ Mënscherechtskommissioun bedauert an hirem Avis zu den neie Restriktiounen, datt d'Regierung net déi néideg Explikatioune liwwert, firwat dann elo nees den Horesca-Beräich muss zoumaachen, respektiv d'Sports- a Kultur-Aktivitéiten agefruer ginn, wann net bewisen ass, datt dës Plazen effektiv d'Originne vun den Infektioune sinn.

D'CCDH freet sech dann och, ob d'Regierung och iwwer aner Mesuren nogeduecht huet, wéi d'generell Maskeflicht am ëffentleche Raum oder weidere Restriktioune bannent de Schoulen. Zum Beispill freet sech d'Mënscherechtskommissioun, firwat da weider dierf Iessen a Schoulkantinnen oder och am Unis-Restaurant zerwéiert ginn.

Och wat de Verbuet vu sportlechen Aktivitéite vu méi wéi 4 Leit ugeet, freet d'CCDH weider Prezisioune vun den Auteure vum Gesetzestext.

Och iwwert d'Proportionalitéit vum Couvre-feu vun owes 23 Auer u stellt sech d'CCDH seng Froen a vermësst nach ëmmer, datt d'Regierung keng statistesch a wëssenschaftlech Detailer driwwer liwwert, wou a wéi vill sech dann nuets ugestach gëtt.

Dës Detailer géifen et dann och net am Exposé des motifs ginn, wat d'geplangt Reduktioun vun Invitéen Doheem vu 4 op 2 Leit ugeet.

PDF: Avis CCDH

Back to Top
CIM LOGO