
Op der Plaz sinn d’Beamten dunn op e sichtlech alkoholiséierte Mann getraff. Si hunn hie gebieden, d’Groussgaass ze verloossen an opzehalen, d’Leit ze belästegen. Dat huet de Mann och gemaach, kuerz drop huet hien awer versicht, an engem Buttek zwou Béierfläschen ze klauen.
Well de Mann wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, koum hien an den Arrest.
Géint 22 Auer gouf der Police dunn e Gefier mat enger Pann op der Héicht vum Tunnel Micheville op der N31 zu Esch-Uelzecht gemellt. Wéi d’Polizisten op d’Plaz komm sinn, hu si eng Camionnette mat engem däitlech alkoholiséierte Chauffer ugetraff. Dem Mann säi Führerschäi gouf agezunn an e provisoresche Fuerverbuet ausgeschwat.