Aarbechtsaccident an der StadMann fält op Plattform vun engem Kran

RTL Lëtzebuerg
Géint 7 Auer en Donneschdeg de Moien ass et op engem Chantier um Boulevard Prince Henri an der Stad zu engem Aarbechtsaccident komm.
© Domingos Oliveira

Wéi d’Police op Nofro confirméiert, war en Aarbechter ausgerutscht, wéi en d’Leeder vun engem Kran eropgeklommen ass. Hie war doropshin erofgefall an op enger vun den Tësche-Plattforme vum Kran gelant.

Éischten Informatiounen no gouf de Mann um Knéi blesséiert. Hie gouf mat der Ambulanz an d’Spidol transportéiert.

Back to Top
CIM LOGO