BounewegMann, géint deen en Areesverbuet virlouch, hat Handy geklaut a gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg am fréien Owend huet d'Police zu Bouneweg e Mann gesicht, deen en Handy geklaut hat.

Ee Verdächtege konnt och séier ermëttelt ginn. Wéi d'Police de Mann iwwerpréift huet, hu si misse feststellen, dass géint hien en Areesverbuet virlouch. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO