
Ee vun den zwee Männer huet eng Matraque benotzt an déi aner Persoun domat blesséiert. D'Affer huet missen an d'Spidol bruecht ginn.
De presuméierten Täter hat blond Hoer, eng normal Statur a war ongeféier 25 Joer al. Hien ass mat engem bloe Renault Clio mat franséische Placke geflücht.
Persounen, déi d'Ausenanersetzung tëscht den zwee Männer observéiert hunn oder eppes iwwer den Auto soe kënnen, solle sech bei de Police vu Gaasperech mellen ënnert der Nummer (+352) 2444-5200.