Stater GareMann gouf vun dräi Onbekannte mat Messer ugegraff a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police freet no Zeien, nodeems eng Persoun géint 00.30 Auer op der Héicht vun der Paräisser Plaz attackéiert gouf.
© RTL-Grafik

Geschitt ass de Virfall an der Nuecht op en Donneschdeg. E Mann gouf vun dräi anere Männer mat engem Messer ugegraff a verwonnt. D’Täter hu sech doropshin aus dem Stëbs gemaach.

D’Affer huet missen op der Plaz vun de Secouriste versuergt ginn, gouf awer net liewensgeféierlech blesséiert.

Wéi et vun der Police heescht, ware si schwaarz ugedoen an ee vun den Täter hat kuerz Rastaen.

Informatioune si fir d’Police ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 40 1000 oder via Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO