
Dëse wollt dem Mann Droge verkafen. Dorobber ass de Mann awer net agaangen. Dono huet den Täter gefrot, fir dem Mann säin Handy geléint ze kréien. Wéi de Mann och dat ofgeleent huet a weidergoe wollt, gouf hie vum Täter op de Buedem geheit, geschloen a krut säin Handy a 50 Euro geklaut.
D'Police huet den Täter bis elo net fonnt a mécht dofir een Zeienopruff. Den Täter huet eng donkel Hautfaarf, ass tëscht 25 an 30 Joer al, 1,70 bis 1,75 Meter grouss, hat een donkelgrénge Kaputzepullover un an eng schwaarz Jackett.
All Informatioune si fir d'Police aus der Stad ënnert der Nummer 244 40 1000.