Zu BeetebuergMann hat ze vill gedronk an huet randaléiert
RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend gouf eng staark alkoholiséiert Persoun op der Beetebuerger Gare gemellt, déi do randaléiere géif.
Update: 09.12.2025 17:54
Wéinst dem aggressive Verhalen an der Tatsaach, dass en eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, gouf decidéiert en no enger medezinescher Kontroll an eng Ausniichterungszell ze bréngen, wou en dunn d’Nuecht verbruecht huet.