Déidlechen AccidentMann kippt mat Trakter ëm, all Hëllef koum ze spéit

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg gouf et op engem Feldwee tëscht Reckeng op der Mess a Riedgen een déidlechen Accident.
© Domingos Oliveira / RTL

E Mann war e Freideg géint 16.20 Auer mat sengem Trakter op engem Feldwee ënnerwee, wéi hien aus bis ewell ongekläerte Grënn d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet. De Mann ass mam Trakter ëmgekippt. Fir déi 61 Joer al Persoun hannert dem Steierrad koum all Hëllef ze spéit, si ass nach op der Plaz gestuerwen.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO