EschMann leeft mat Messer ronderëm a randaléiert

RTL Lëtzebuerg
De Mann gouf festgeholl an huet d'Nuecht an Arrest verbruecht.

Zu Esch gouf der Police hënt e Mann gemellt, deen ausser sech war, a mat engem Messer an der Strooss géif ronderëm lafen a randaléieren.

Wéi d’Police op der Plaz ukoum ass hie mam messer am Grapp op d’Beamten duergaangen.

D’Polizisten hu musse Pefferspray asetzen, fir de Mann ze immobiliséieren an hien an de Passage-Arrest ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO