PoliceMann mat illegaler Waff am Rollengergronn gemellt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht gouf am Rollengergronn an der Stad e Mann gemellt, deen an der Rue Federspiel mat enger Waff op der Strooss ronderëm getierkelt ass.

Wéi d’Beamten op d’Plaz gefuer sinn, konnte si dem Mann, den ze déif an d’Glas gekuckt hat, d’Waff ewechhuelen. D’Waff war eng sougenannt “Schreckschosspistoul”. Wann dës ofgeschoss gëtt, kënnt et zu engem ganz haarde Knall an donieft gëtt Reizgasmunitioun ofgeschoss. Dat soll, änlech wéi Pefferspray, eventuell Ugräifer ewechhalen.
Allerdéngs sinn dës Waffen hei am Land net legal, wann ee kee Schäin dofir huet. D’Waff gouf confisquéiert an de Mann protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO