
Zu Rëmerschen hunn d’Beamten e Mann fonnt, dee Stéchverletzungen um Uewerschenkel an am Ënnerleif hat. No enger Noutversuergung op der Plaz gouf d’Affer du mat enger Ambulanz an d’Spidol bruecht.
Wéi d’Police matdeelt, gouf d’Affer éischten Informatiounen no e puer 100 Meter wäit fort vun der Plaz, wou et schliisslech fonnt gouf, vun dräi Leit ugegraff. Ee vun de Täter hätt dunn ee Messer gezéckt an d’Affer gepickt.
Dem Mann seng Blessure sinn der Police no allerdéngs net liewensgeféierlech. De Parquet gouf informéiert an Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.