
D’Police gouf geruff an déi hunn de Aggresseur spéider a senger Eenzëmmer-Wunneng ugetraff. Dësen huet sech och vis-à-vis vun de Polizisten aggressiv beholl a war onkooperativ. Aus Sécherheetsgrënn krut hien Handfesselen ugeluecht. Nodeems d’Fro no engem Messer onbeäntwert blouf, huet d’Police dëst no enger Perquisitioun am Zëmmer fonnt. Wärend dem Asaz hätt de Mann, wéi d’Police schreift, sech net wëlle berouegen an huet d’Beamte bedreet.
Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.