Am Garer QuartierMann menacéiert Polizisten a blesséiert sech selwer

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg an der Mëttesstonn krut d'Police eng Kläpperei tëscht 3 Persounen an der Rue du Fort Neipperg an der Stad gemellt.

Ee vun de Bedeelegte wier am Besëtz vun engem Messer gewiescht.

Wéi d’Beamte vun der Police op d’Plaz koumen, waren zwee vun de Bedeelegten nach do. Ausserdeem goufen zwee Kichemesser an e Cutter séchergestallt.

Schliisslech huet ee vun de Männer, déi un der Ausernanersetzung bedeelegt waren, ugefaangen, géigeniwwer de Beamte Mordmenacen ze äusseren a sech selwer ze blesséieren. Hie gouf doropshin immobiliséiert an an d’Spidol bruecht. Den zweete Mann gouf fir d’Erfaassung vu sengen Donnéeën mat op de Policebüro geholl.

Back to Top
CIM LOGO