Stad LëtzebuergMann menacéiert Verkeefer vu CBD-Shop mat engem Messer

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass dëst an engem CBD-Buttek an der Rue de Reims. De Mann mam Messer war alkoholiséiert.
© RTL Archiv

Wéi et heescht, wollt de Mann e Produit am Geschäft einfach mathuelen, ouni ze bezuelen. Nodeems de Mann d’Messer gewisen huet, gouf d’Police verstännegt.

D’Beamten hunn dem Mann aus Sécherheetsgrënn Handschellen ugedoen, wéi se op der Plaz ukomm sinn. D’Messer gouf séchergestallt an de Mann koum mat op de Büro. Hei huet hien sech extrem onkooperativ gewisen an d’Beamte menacéiert.

De Parquet huet dunn decidéiert, de Mann festhuelen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO