
En Aarbechter ass do, aus bis elo net gekläerte Grënn, vum 5. Stack an de Bannenhaff vun engem neie Wunnhaus gefall. Fir hie koum all Hëllef ze spéit. De 50 Joer ale Mann aus dem däitsche Grenzgebitt ass nach op der Plaz u sengen uerge Blessure gestuerwen.
D'ITM gouf op d'Plaz geruff, genau wéi de Miess- an Erkennungsdéngscht.
