Prozess wéinst Gewalt am StotMann soll seng Fra geschloen a menacéiert hunn

RTL Lëtzebuerg
D'Affer war no enger Zäit bei d'Police gaangen an de Mann, op Grond vu Blessure vun an Doudesmenacë géintiwwer der Fra, 3 Deeg an Untersuchungshaft komm.
© AFP

Um Stater Geriicht krut e Mëttwoch de Moien e Mann vu 55 Joer de Prozess gemaach, deen tëscht Dezember 2018 a Juni 2019 zu Diddeleng seng Fra vun 52 Joer ënnert anerem geschloen a menacéiert soll hunn.

Prozess Gewalt am Stot / Reportage Eric Ewald

E Mëttwoch huet d'Affer virun de Riichter awer zréckgeruddert. Zum Deel ënner Tréine sot d'Fra nämlech, si an de Mann wären net gescheet, mä nees zesummen.

Et wär wuel wouer, dass si bei d'Police gaange war, mä dat wär just gewiescht, fir him Angscht ze maachen. Si wär am Feeler, well si dat alles declenchéiert hätt a wéilt dat hannert sech loossen. Vum President vum Geriicht, ënnert anerem mat dem Mann senge Menacë konfrontéiert, huet d'Fra gemengt, dat wär net grad sou gewiescht. Dat Ganzt wär d'Schold vun hinnen zwee. Si hätt deemools Zäit gebraucht fir nozedenken, hien hat geduecht, si wéilt hirer Wee goen. De Beschëllegten huet iwwerdeems erkläert, et wär zweemol zu Sträit tëscht hinnen zwee komm, well si Kontakt mat engem Jugendfrënd opgeholl hätt. „Wann een nervös ass...“, huet hien nach dozou bemierkt.

Um Ufank vun der Sëtzung hat e Polizist deklaréiert, d'Fra hätt am Juni zejoert wéinst Menacen op d'mannst 60 Telefonsuriff an Zäit vun zwee Deeg Plainte gemaach géint de Mann. Am Januar an an der Fuesvakanz 2019 wär et zweemol zu Gewalt am Stot komm an d'Fra an der Suite dovu bei hir Cheffin geplënnert. E Psychiater huet betount, de jalouse Mann hätt d'Virfäll am August zejoert minimiséiert. Den Expert huet awer och vun enger Affekthandlung geschwat an dovun, dass unzehuele wär, et géif keng Gefor méi vum Mann ausgoen. D'Me Stoffel, Affekotin vum Ugekloten, huet ënnert anerem d'Excuse vun der Provokatioun vun hirem Client ugefouert, fir eng Suspension du prononcé ze froen. Deemno géif wuel festgehale ginn, dass Feeler geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach gëtt. Dogéint huet d'Vertriederin vum Parquet fonnt, d'Situatioun wär am Wanter 2019 eskaléiert an hätt sech 6 Méint laang net berouegt. Wéinst der Gravitéit vun de Faiten huet si 6 Méint Prisong gefrot, woubäi si net géint Sursis wär.

D'Urteel ass fir den 10. Dezember.

Back to Top
CIM LOGO