Am Arrest placéiertMann stéisst Zuch-Mataarbechter op der Stater Gare

RTL Lëtzebuerg
De Mann hat ausserdeem Geschier, fir Drogen ze consomméieren, bei sech.
© RTL Archiv

Géint 10.30 Auer e Méindeg de Moien hunn d’Sécherheetsbeamte vun der Stater Gare e Mann, deen en Zuch-Mataarbechter gestouss hat, un d’Police weidergeleet. Well dee sichtlech alkoholiséierte Mann wéinst sengem Verhalen eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, ass hien an den Arrest komm.

Iwwerdeems hunn d’Beamte Geschier, fir Drogen ze consomméieren, beim Mann séchergestallt. Well de Mann géint eng Partie riichterlech Oplage verstouss hat, gouf e Rapport geschriwwen. Den Zuch-Mataarbechter huet eng Plainte wéinst Kierperverletzung deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO