
Obwuel et geschéngt huet, wéi wann de Sträit bäigeluecht wier, huet ee vun den dräi Männer bemol ugefaangen, d’Beamten ze beleidegen. Nodeems de Mann e puer Mol opgefuerdert gouf, fort ze goen, huet hie sech net berouege gelooss an huet d’Poliziste weider beleidegt. Doropshi gouf de Mann vun engem Dokter ënnersicht, éier hien an de Passagearrest koum. E Protokoll wéinst Beamtebeleidegung gouf ausgestallt.
An der Rue Glesener krut géint 16.30 Auer eng Persoun bei engem Iwwerfall mat Gewaltawierkung hir Wäertsaache geklaut. Den Täter ass dono an eng onbekannt Richtung geflücht. Eng Enquête gouf lancéiert.