PoliceMann wéinst Verdacht op Drogenhandel festgeholl an Accident mat Scooter

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am fréien Nomëtteg sinn der Police bei enger Persounekontroll 2 Männer op der Place de la Gare opgefall.
© RTL Archivbild

De Verdacht, deen d'Beamten haten, huet sech confirméiert, nodeems eng Persoun illegal Substanzen erofgeschléckt huet. Op Uerder vum Parquet gouf eng klinesch Ënnersichung vum Verdächtege gemaach. Dobäi konnten e puer sougenannte Plombe Kokain séchergestallt ginn. De Mann gouf festgeholl a kënnt e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.

Weider mellt d'Police en Accident e Mëttwoch de Moien um 6 Auer an der Route de Thionville um Houwald. En Auto an ee Scooter hat sech do ze pake kritt. De Chauffer vum Scotter gouf dobäi op den Trottoir geschleidert a verwonnt. Hie koum no enger medezinescher Versuergung op der Plaz an d'Spidol. Et gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO