Versichte MordMann zu 12 Prisong verurteelt, d'Hallschent op Suris probatoire

RTL Lëtzebuerg
Zu 12 Joer Prisong, d'Hallschent mat Sursis probatoire, gouf e Mann en Donneschdeg um Stater Geriicht verurteelt, deem versichte Mord virgehäit gi war.
© AFP

Ee Virsaz hunn d'Riichter awer net zréckbehalen. D'Oplo besteet an der Entschiedegung vum Affer, dat ronn 10.000 Euro Schuedenersatz zougesprach krut.

Dem Mann war virgehäit ginn, am Juli 2018 an der Géigend vun engem Café no bei der Escher Gare, en anere Mann mat engem Messer an de Réck gestach ze hunn. En Donneschdeg de Mëtte gouf ënner anerem och d'Confiscatioun vum Messer gesprach.

Wéinst versichtem Mord viru Geriicht: Beschëllegte bestreit d'Virwërf, d'Affer gepickt ze hunn

Back to Top
CIM LOGO