
Am Mäerz hu bedeitend manner Entreprisë Kuerzaarbecht ugefrot wéi am Februar. Et waren der um Enn nach 766.
708 goufen der accordéiert. Bei 640 Demanden ass d’Covid-Situatioun den Hannergrond. D’Demanden, déi positiv aviséiert goufen, betreffen 14.860 Vollzäitaarbechtsplazen. Eng 2.700 méi, wéi dee Mount virdrun.
Datt d’Zuel vun de Salariéen, déi betraff sinn, klëmmt, obschonn d’Zuel vun den Entreprisen, déi Chômage partiel froen erofgeet, erkläert sech virun allem doduerch, datt méi Demande vu groussen Entreprise kommen, haaptsächlech vu Betriber, déi ënnert dem Krich an der Ukrain leiden.