D‘Parteie bereede sech sou lues op de Walkampf fir, an do si biergerno Theme wéi d‘Aarbechtszäit e Punkt, dee vill Wieler interesséieren dierft. An deem Sënn huet déi sozialistesch Aarbechter-Partei e Méindeg op eng Pressekonferenz mam Slogan „Et ass Zäit fir eng fair Aarbechtswelt“ invitéiert.
Et war allerdéngs nach net d‘Zäit vun de konkrete Proposen: Zwar wéilt ee sech d‘Aarbechtszäitverkierzung schonn op de Fändel schreiwen, mee wéi déi elo genee ausgesi soll, ass nach op. Et hätt een eng Etüd an Optrag ginn, wat d‘Vir-an d‘Nodeeler vun esou enger Verkierzung wieren a wéi esou eppes zu Lëtzebuerg kéint ëmgesat ginn, erkläert den Aarbechtsminister Georges Engel. D‘Resultater dovun erwaart ee sech fir den Abrëll.
Eng Aarbechtszäit-Reduktioun wier och gutt fir d‘Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra, well da béit Geschlechter sech méi ëm de Stot këmmere kéinten.
An dat finanziellt? Fir d‘LSAP heescht manner schaffen net manner verdéngen, d‘Paie misst d‘selwecht bleiwen. Géif dat fir d‘Betriber net bedeiten, dass eventuell méi Iwwerstonne musse bezuelt ginn? Nee, mengt d‘Maxime Miltgen, Member vum Comité a Spëtzekandidatin fir d‘Gemengewalen an der Stat. D‘Verkierzung géif dozou féieren, dass de Patron och manner Iwwerstonne vu senge Salariéen erwaarde kéint a generell manner geschafft géif, dat ganzt och an enger Optik vu manner Konsum.
Den Aarbechtsminister setzt bei de Salariéeën op Fräiwëllegkeet a Flexibilitéit.
„Ech ka mir virstellen, dass et eng ganz Rei vu Salariéë gëtt, déi soen: Mir schaffen hei, mir hunn dee Betrib gären. Dat ass dat, wou mir eis Sue verdéngen, ma mir wëllen deem lo hëllefen, well elo geet et drëm fir vill Suen ze verdéngen. Wann et Bûchenzäit ass fir Chrëschtdag, da muss de Bäcker schaffen, dat ass evident. Et gëtt awer och vläicht eng Zäit am Joer, wou e manner muss schaffen, an da kann een deen Equiliber esou fannen.”
Gläichzäiteg steet fir d‘Aarbechterpartei ausser Fro, dass de Pensiounsalter géif eropgoen.