Petitioun 1188Manner Steiere fir Celibatairen, Minister schwätzt vu legitimme Suergen

Pierre Jans
Pit Everling
An der Chamber gouf e Méindeg den ëffentlechen Debat iwwert d’Petitioun 1188 gefouert, déi eng Steier-Baisse fir Jonggeselle gefuerdert huet.
D'Petitioun 1188 gouf an der Chamber thematiséiert
D'Regierung wëll de Jonggesellen an der geplangter Steierreform entgéintkommen.

Jonggeselle ginn a punkto Steiere benodeelegt, dat war de Message, deen d'Politik e Méindeg um Krautmaart mat op de Wee krut. An der Chamberplenière war den Debat iwwer d'Petitioun 1188, déi 6.800 mol ënnerschriwwe gi war. De Finanzminister Pierre Gramegna kann d'Suerge vun de Petitionären zum Deel novollzéien a verweist op d'Steierreform

Steiere-Petitioun Celibatairen / Rep. Pit Everling

D'Célibatairë gi par Rapport zu de Koppelen ongerecht behandelt. Mat deene Wieder huet de Petitionär Giancarlo Sartori sech un de Finanzminister Gramegna an un d'Membere vun den zoustännege Chamberkommissiounen adresséiert.

Den Giancarlo Sartori géing et net gerecht fannen, "datt eng Persoun, déi eleng lieft a just iwwer dem Mindestloun läit net esou vill vun enger Steiererklärung ka profitéieren, wéi bestuete Leit mat Kanner."

D'Petitionäre soten, si wiere keng Experten, ma si wéilten zur Moderniséierung vun der Fiskalitéit bäidroen an hëllefen, fir nei Reflexiouns-Pisten opzezeechnen. Ënnert anerem misst d'Visioun eng Individualiséierung sinn, esou den Daniel Wiesenmeyer.

"D'Unité fiscale de Référence soll net d'Koppel, mä den Individu ginn. Dat géing eng Vereinfachung duerstellen. Da géing d'Diskriminéierung ophéiere vun deene Koppelen, déi an enger Union libre liewen, géintiwwer vu Koppelen, déi bestuet sinn.", mengt den Daniel Wiesenmeyer.

De Finanzminister Pierre Gramegna versteet op ville Punkten d'Suerge vun de Petitionären. Hie verweist awer drop, datt d'Steierlaascht zu Lëtzebuerg am Verglach mat eisen Nopeschlänner geréng ass. D'Argument vun den Economies d'échelle géif och net fir all d'Beräicher gëllen. Fir d'Klass 1 an d'Klass 2 gläichzesetzen, géing iwwerdeems net goen.

D'Intentioun vun der Regierung wier et awer, fir d'Steierklassen ofzeschafen. "Et kënnt en neie Barème unique, dee ganz anescht wäert sinn, wéi dat, wat mer bis ewell kennen.", sou de Pierre Gramegna. Déi familiär Situatioun wäert an Zukunft an deem Barème neutraliséiert sinn, esou nach de Minister.

RTL 5Minutes: Trop d'impôts pour les personnes seules? Le nouveau barème ne pénalisera plus les célibataires

Back to Top
CIM LOGO